Ënnerschiddlech Vuen an der ChamberWéi kann a soll eng reell Biergerbedeelegung ausgesinn?

Claudia Kollwelter
D'Bierger sollen méi agebonne ginn, do war ee sech eens. Ma wéi dat soll geschéien, do sinn d'Meenungen bei de verschiddene Parteien awer ausernee gaangen.

“Et feelt u Biergerparticipatioun baussent de Walen”, dat huet de Piraten-Deputéierten Marc Goergen en Donneschdeg an der Chamber a senger Interpellatioun bedauert, an där et à la base ëm Referende gaangen ass. Wéi eng Biergerbedeelegung soll a kann ausgesinn, do waren d’Vuen nawell ënnerschiddlech.

Wéi kann a soll eng reell Biergerbedeelegung ausgesinn?

D’Bierger sollen méi agebonne ginn, do war een sech zwar eens. Ma wéi dat soll geschéien do sinn d’Meenungen awer ausernee gaangen. De Marc Goergen vun de Piraten: “Ausser bei de Walen ass zu Lëtzebuerg, wat d’Biergerbedeelegung betrëfft, näischt lass op nationalem Niveau, ëmmer erëm mol rëm eng punktuell Mesure pro Legislaturperiod, sief et e Klimabiergerrot bei der leschter Regierung oder eng komesch Plattform zu de Pensiounen elo, mee dat bleift reng Symbolpolitik.”

Och d’Taina Bofferding vun der LSAP huet d’Plattform iwwert d’Pensiounsreform eng “Schein-Debatt” genannt. Dat wier definitiv keng Biergerbedeelegung, mam Resultat, datt d’Leit denken: “Déi do Uewen, déi maache jo souwisou, wat se wëllen, an d’Konsequenz ass, dass d’Mësstraue méi grouss gëtt, respektiv d’Vertraue futsch ass.”

Och d’Sam Tanson vun déi Gréng stellt sech Biergerbedeelegung anescht fir a plädéiert weider fir e Biergerrot: “Well ee nämlech kann iwwert dee Wee kucken, Leit mat anzebannen, déi mol net vun engem Walrecht kënne profitéieren. An dat selwecht gëllt och fir de Gemengenniveau. Et ass ugeklongen. Dat ass jo deen Niveau, wou eigentlech déi Decisioune getraff ginn, déi am noosten un engem sengem Alldag sinn, iwwert wéi ee sech beweegt, ronderëm do, wou ee wunnt, wéi den ëffentleche Raum gestallt ass, wéi d’Gebaier installéiert ginn an esou weider.”

Dat wier awer net geplangt vun der Regierung am allgemengen, mä thematesch sot de Premier Luc Frieden: "...bei verschiddenen Theeme ronderëm d’Schoul. Dat ass am Kontext vun der Klimapolitik. Dat ass um kommunale Plang. Mir gesinn dat jo och bei de Fusiounsdiskussiounen an esou weider. An ech mengen op deene Beräicher solle mer viru goen.”

De Marc Baum vun déi Lénk huet iwwerdeems am Kader vun der Fro vu Referenden d’Iddi vu sougenannten “Pre-Referenden” an d’Gespréich bruecht, wou een d’Preferenzen vun de Leit eraus héiert, ier een eng kloer “Jo"- oder “Nee"-Fro stellt.

Back to Top
CIM LOGO