Eis Demokratië stinn ënner Drock: Kricher a Krise maachen d'Hoffnung op eng stabil a sécher Zukunft méi kleng, och d'Vertrauen an d'Politik hëlt of. Ma wéi stabil sinn eis demokratesch Strukturen hei am Land, wat sinn d'Gefore fir eis Demokratie a wéi kënne mer se och fir déi zukünfteg Generatioune stäerken? Alles dat diskutéiere mir dëse Samschdeg am Background mat dësen Invitéeën:
Background am Gespréich wéi gewinnt e Samschdeg um 12 Auer live um Radio, op RTL.lu an op RTL Play.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.