Politesch Beweegung vum Roy RedingWeider Kandidate bekannt a Kritik vu fréierem Parteikolleeg

Pierre Weimerskirch
"Et gesäit esou aus, wéi wa mer all d'Lëschte voll kréien", dat sot de Roy Reding RTL.

Zanter e puer Deeg verëffentlecht den Deputéierte Roy Reding Kandidatinnen a Kandidate fir d’Chamberwalen op der Facebook-Säit vu senger politescher Beweegung “Liberté-Fräiheet”.

Bekannten Nimm op de Lëschten

Eng gutt Dose Leit sinn elo bekannt, déi mat an d’Walen am Oktober wëlle goen. Et géif een elo reegelméisseg Kandidaten esou annoncéieren, sou den aktuellen Deputéierten. Déi eng oder aner Iwwerraschung géif och nach kommen.

Elo schonn affichéiert sinn Nimm wéi Guy Arend, Bas Schagen oder Chantal Reinert. De Guy Arend war 2018 Kandidat bei der Emissioun “Bauer sucht Frau” a war och politesch aktiv fir d’ADR. Elo geet hien am Norde mat an d’Chamberwalen. De Bas Schagen, deen och Joren an der Mediebranche geschafft huet, geet nieft dem Roy Reding als Spëtzekandidat am Zentrum mat an d’Walen. D’Chantal Reinert geet als Kandidatin am Zentrum mat. Si hätt, wéi et op der Facebook-Säit vu Liberté-Fräiheet ze liesen ass, déi sougenannte “Marche Blanche” mat organiséiert. An de Medien ass si als Géignerin vun de Covid-Mesuren an der Impfung opgetrueden.

Kritik vum fréiere Parteikolleeg

De Fernand Kartheiser huet sech an engem Post an de soziale Medie kritesch dozou geäussert. An enger Demokratie kéint wuel jiddereen Lëschten opstellen. D’Kritik vum ADR-Deputéierte riicht sech direkt un de Roy Reding: “An trotzdeem deet et mir vun Häerze leed, wann ech gesinn, wéi vill léif Leit sech manipuléiere loossen, fir op enger Lëscht matzegoen, déi ouni eege Programmatik, ouni authentesch politesch Plus-Value, just dozou déngt, engem Deputéierten, deen an der Chamber jorelaang virun allem duerch Näischtmaachen opgefall an den e puer Parteien net oder net méi wollten nach eng elektoral Plattform ze ginn.”

Op Nofro sot de Fernand Kartheiser, dass him net bekannt wier, dass elo ADR-Kandidaten dem Mouvement vum Roy Reding bäigetruede wieren. Et wieren éischter Leit, déi d’ADR net gewollt hätt. Wann ee sech déi Nimm déi elo bekannt sinn, géif ukucken, da géif een de Verdacht kréien, dass et an d’Richtung vun enger “Anti-Vacc-Lëscht” géif goen, esou de Fernand Kartheiser.

Wéi geet et mat “Liberté-Fräiheet” virun?

An de 4 Bezierker hätt een och schonn e Rendezvous geholl, fir d’Lëschten ze deponéieren an de Staatsministère hätt och schonn de Logo vun der politescher Beweegung kritt, esou de Roy Reding. Dëse géif nämlech gebraucht ginn, fir op de Walziedelen ze stoen. Bis den 9. August mussen d’Lëschten an de 4 Bezierker fir d’Chamberwalen deponéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO