Privat Bankcliente mussen oppassenWéinst enger ofgelafener Carte d'Identité kann de Kont gespaart ginn

Ryck Thill
Wann eng Carte d’identité ofgelaf ass, kann dat och Konsequenze fir de Bankkonto hunn. Reagéiert de Client net a liwwert keen neit Dokument, riskéiert hien, datt säi Kont temporär gespaart gëtt.

Et ka séier goen: D’Kaarten am Portmonni funktionéieren net méi, weder d’Bancomatskaart nach d’Kreditkaart. De Kont ass blockéiert. Dat läit dorunner, datt d’Banken eng wichteg Roll spillen am Kampf géint Geldwäsch a Finanzéierung vun Terrorismus, erkläert de Jerry Grbic vun der ABBL:

“D’Banke musse gewësse Reegelen anhalen. A leider fält den normale Bierger, deen dee guer näischt domat ze dinn huet, fält och domat dran an déi Kontrollen, déi d’Banke musse maachen. Wann dann Dokumenter ofgelaf sinn oder de Banquier näischt méi vu sengem Client héiert oder kee Feedback kritt, firwat eng Transaktioun gemaach ginn ass, déi villäicht am System erausfält, well se ongewéinlech ass fir dee Clienten, da kann emol sinn, dass e Kont blockéiert gëtt.”

Wéi dacks esou Fäll virkommen, dozou ginn et keng offiziell Zuelen. Kloer ass awer: Déi méi streng Reegelen op EU-Niveau loossen de Banken ëmmer manner Spillraum.

“Et sinn an deene leschte Jore ganz vill Reegelen, europäesch Direktiven a Lëtzebuerger Gesetzer en place gesat ginn”, esou den Jerry Grbic vun der ABBL. “D’Banke riskéiere Penalitéiten oder am schlëmmste Fall souguer, hir Lizenz ze verléieren, wa se dat net géife maachen.”

Gläichzäiteg ginn et awer och Stëmmen an Europa, déi virun ze vill Regulatioun warnen. Si fuerderen, datt Banken nees méi flexibel a méi no un der Praxis kéinte schaffen.

D’Erkenntnis zu Bréissel ass do, seet d’ABBL. Et géingen awer nach keng konkret Piste ginn, fir d’Reegelen nees ze labberen. D’ABBL jiddefalls ass amgaang, Proposen auszeschaffen, wéi een d’Reglementatioun kéint vereinfachen, ouni dat méi Risiko entsteet.

Back to Top
CIM LOGO