
Am Juli wäert deen neie Site vun der Société nationale de circulation automobile, kuerz SNCA, um Fridhaff offiziell ageweit ginn. Hei sollen all d’Servicer fir dee ganzen Norden op enger Plaz ugebuede ginn. Dat bedeit awer och, datt Servicer, déi bis elo op anere Plazen ugebuede goufen, vun do ofgezu wäerte ginn. An dat suergt notamment am Raum Wolz aktuell fir bëssi méi deck Loft.
Vun deem Moment u wou d’SNCA hir Dieren an der Ardennestad zoumécht, wäerte vill Farschüler dacks Weeër vu 40 bis 50 Kilometer fuere mussen, fir am Raum Nordstad ze üben a sech beschtméiglech op hire prakteschen Exame virzebereeden. Dat fäert op d’mannst den DP-Norddeputéierten André Bauler, deen dowéinst an enger Question parlamentaire vum Mobilitéitsminister François Bausch wësse wëllt, ob en dës Decisioun net nach eng Kéier iwwerdenke wéilt. Dat am Sënn vun der Dezentraliséierung an engem méi niddrege Ressourcëverbrauch. Den Deputéierte stellt d’Fro, ob et net méiglech wier, zesumme mat der Wëlzer Gemeng nei Raimlechkeeten ze sichen.

Wat de Minister dozou seet, ass nach net gewosst, ma op d’mannst bei de Gemengeresponsabele rennt den André Bauler domat oppen Dieren an. Wéi de Buergermeeschter Fränk Arndt op Nofro hin erkläert, wier een als Schäfferot vun der Nouvelle iwwerrascht an et wéilt ee probéieren, d’SNCA zu Wolz ze behalen. Dowéinst hätt een e Bréif un de Ministère geschéckt, fir no enger Entrevue ze froen. Virum Hannergrond, datt d’Populatioun vun der Gemeng an deene nächste Jore massiv op 11.000 Awunner wuesse soll a Wolz am System vun de Centres de développement et d’attraction als regionalen Zentrum ausgewisen ass, wier et net koherent de Service ofzezéien.
Eng Question parlamentaire an ee Schäfferot, deen eng Entrevue mam zoustännege Minister freet. Dat alles just ronn dräi Méint éier deen neie Site um Fridhaff seng Dieren opmécht. Ass den Depart vun der SNCA vu Wolz also een neien Ament, oder firwat goufen déi doten Demarchen net schonn éischter geholl?
Datt d’SNCA hire Büro zu Wolz zoumaache géing, wann deen neie Site um Fridhaff bis operationell ass, gouf scho virun enger Partie Joren annoncéiert. Am Ufank war allerdéngs och geplangt, datt dat schonn 2020 de Fall sollt sinn. Vläicht ass de Sujet duerch de Retard a Vergiess geroden oder et war net jidderengem kloer, datt dat zu engem Enn vun de praktesche Prüfunge féiere géing. Och d’Tatsaach, datt den 11. Juni Gemengewalen ustinn, kéint alt emol eng Roll spillen, datt d’Thema lo rëm op d’Tapéit kënnt.
Den SNCA-Direkter Manuel Ruggiu kann d’Opreegung ronderëm d’Thema jiddefalls net wierklech novollzéien. Et wier net noutwenneg, do ze üben, wou den Examen ass. Éischtens géif et souwisou keng festgeluechten Examensstreck ginn an zweetens misst een dono als Chauffeur och am ganze Land kënne fueren. Aktuell géif ee fir déi praktesch Examen zu Angelduerf, beim fréieren Altersheem zu Dikrech an ebe Wolz fortfueren. Grad zu Wolz wier den Trainingssite awer net optimal. Um neie Site um Fridhaff mat senger 100 Meter laanger an 20 Meter breeder Piste hätt ee par contre ideal Trainingskonditiounen.
De Patron vun enger gréisserer Farschoul, déi souwuel zu Wolz wéi och am Raum Clierf aktiv ass, weist sech iwwerdeems enttäuscht vun der Decisioun. Dat virun allem well d’Schüler elo vill méi Zäit aplange missten. Hien huet och seng Zweiwel, datt um Fridhaff genuch Plaz fir all d’Examen ass, bis elo hätt een zu Wolz op alle Fall nach ni Probleemer gehat. Vun der SNCA ass et iwwerdeems d’Informatioun, datt zu Wolz am Duerchschnëtt pro Woch 16 Exame vun der Kategorie B ofgehale ginn. Dat wieren zwee voll Deeg d’Woch, et hätt een nämlech d’Kapazitéit fir néng Exame pro Dag.