
E Méindegmoie war den Ausseminister Xavier Bettel an der zoustänneger Chamberkommissioun, fir d‘Deputéiert iwwer d‘Analysen z‘informéieren, déi d‘Regierung zu der Fro gemaach huet: Sanktiounen wat den Openthalt vu Persounen ugeet, awer och déi géint Importer, béides ass net esou einfach.
Esou kann een et graff resuméieren. Fir d‘Arees an d‘Land fir sanktionéiert Persounen ze spären, feelt d‘legal Basis. Den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet, versteet den Ausseminister Bettel: “Jo, seng Erklärungen kënne mir novollzéien. Wann eng legal Basis feelt, ass et natierlech schwéier, engem ze verbidden op den Territoire ze kommen. Et ass elo ze kucken, ob mir eis déi Méiglechkeet wëlle ginn.”
Dat géif dann op den Inneminister zeréckfalen, de Léon Gloden also. Ma dee wär bereet, un engem entspriechenden Text ze schaffen, mengt de Xavier Bettel. Sanktioune géint Gidder, zum Beispill géint israeelescher, déi aus de vill kritiséierte Kolonien am Westjordanland kéimen, och déi géifen op den éischte Bléck gutt kléngen: “Mä de Problem ass, dass et an der Realitéit ganz schwéier ass. Mir importéiere ganz vill. Huele mir d‘Beispill vun de Orangen. Déi ginn op Amsterdam a Frankfurt geliwwert. An da sinn ze am europäesche Bannemaart. Dat heescht d‘Kontroll ass immens schwéier. Fir symbolesch eppes ze maachen, wär et dat Bescht, dann op EU-Niveau Decisiounen ze huelen.”
Den David Wagner vun déi Lénk ass net zefridde mat den Explikatiounen, kennt d‘Problematik awer: “E Land wéi Israel fuddelt: Wann Orangen aus de Kolonie kommen, an déi ginn do gepléckt, duerno awer an Israel verpaakt, da steet drop, dass se aus Israel kommen, dat heescht, et misst een nach d‘Méiglechkeet hunn de Wee zeréck ze tracéieren.”
Dass Lëtzebuerg op eege Fauscht kéint Leit oder Gidder sanktionéieren, bleift komplizéiert. D‘Sam Tanson vun déi Gréng hätt sech méi erwaart vum Xavier Bettel:
“Ech hat en esou verstanen, wéi wann e géif un engem legale Kader schaffen. Haut kënnt en da mat enger ganzer Armada u Beamten an d‘Kommissioun, fir eis ze soen, dass se kee Kader wäerte proposéieren. Dat eenzegt wäert kënne beim Interieur geschéien, fir verschiddene Leit d‘Entrée op den Terrotoire ze verbidden. Dat awer och lassgeléist vun internationale Konflikter.”
A bei Sanktiounen op Finanztransaktiounen, hätt den Ausseminister op de Finanzministère verwisen, bedauert d‘Sam Tanson.