
Zanter e Samschdeg sinn 9 nei Petitiounen online, déi bis den 23. Januar d’nächst Joer op d’mannst 5.500 Ënnerschrëften musse beienee kréien, fir dass Se ëffentlech debattéiert ginn.
Gefuerdert gëtt ënnert anerem d’Schafe vun engem souveräne Fong fir d’Pensiounsreform ze bezuelen.
Eng nei Liaisoun tëscht der Nordstrooss an der Nationale 15, fir den Transit-Verkéier aus Ettelbréck eraus ze kréien, oder méi eng avantagéis TVA op Produiten déi zu Lëtzebuerg fabrizéiert goufen.
Déi ganz Lëscht fënnt een op https://www.petitiounen.lu.