
Wou ass deen Opschwong?, freet sech d'Sam Tanson vun déi Gréng. Wann een d'Zuele géif kucken, géif een en Defizit bis d'Enn vun der Legislaturperiod gesinn an d'Schold géif nach eng Kéier zolidd klammen. 2028 hätt een eng Staatsschold vun iwwer 29% vum PIB.
D'ADR an de Fred Keup hunn nach méi däitlech Wierder fonnt. D'Steierbaisse-Politik vun der CSV-DP-Regierung géif d'Land esou héich verschëlden, wéi nach ni. Et géif nach méi Scholden an Defizit gi wéi bei "Gambia". Dat wär eng Richtung, déi net gutt wär fir d'Land a fir d'Leit.
D'LSAP kritiséiert, datt vill Suen ausginn, nach laang keng politesch Strategie wier. D'Fraktiounscheffin Taina Bofferding sot, si géif keng kloer Richtung erkennen. De Logement z.B. wär "d'Mamm vun alle Krisen" am Land. Et wäre keng nei Mesuren annoncéiert ginn. Mat Suen eleng géif et och net duer goen. Et missten och Gesetzer kommen, déi zum Beispill der Spekulatioun en Enn setzen.
Déi Lénk betounen, datt vill sozial Mesuren dem Resilienzpak an de Gewerkschaften ze verdanke wieren. Dat sollt sech manner d'Regierung op de Fändel schreiwen. De Budget wär och net de grousse Worf par Rapport zum Klima. Am Logement bei de VEFAe géifen zwar déck Poste festgeschriwwe ginn, mä d'Wunnenge géifen awer net entstoen. D'Ausgabe fir d'Militärindustrie, déi géif et leider tatsächlech ginn, huet den David Wagner bedauert.
D'Pirate fannen u sech de Wee vum Budget gutt, mä hunn awer op verschiddene Punkte ganz aner politesch Iddien. Zum Beispill wär et besser, bei der Kannerbetreiung Suen den Elteren ze ginn, wa se selwer no hire Kanner kucken, wéi privat Crèchë massiv z'ënnerstëtzen. Och d'Gewënner op Aktie misste méi besteiert ginn, do géif eng Hausse vu 6 op 12 Méint, wou ee keng Steiere muss bezuelen, net duer goen, sou de Marc Goergen.
D'CSV an d'DP gesinn de Budgetsprojet natierlech méi positiv. Den André Bauler vun der DP nennt en "offensiv". Et wär och wichteg, datt de Motor, d’"Mëllechkou" Finanzplaz, weider gestäerkt gëtt. Anescht wéi d'Oppositioun lueft den André Bauler d'Regierung, fir d'Staatsschold ënner 30% ze halen. D'Tendenz bis 2030 wär och "éischter falend wéi steigend".
"E bësse méi Optimismus géif der Oppositioun gutt doen", sot och de Laurent Zeimet, de Fraktiounschef vun der CSV. Wann ee géif den internationale Kontext kucken oder an d'Nopeschlänner, wou z.B. a Frankräich kee Budget zustane kënnt, wär een hei am Land ganz gutt opgestallt. An dësen onsécheren Zäite kéint een investéieren an d'Leit stäerken.