Budget 2027Staatsschold no un 30% vum PIB, e bewosste Choix vun CSV an DP

François Aulner
"Fir d'Leit, fir Opschwong": dat ass den Titel vum Budgetsprojet fir dat nächst Joer, deen de Finanzminister Gilles Roth e Mëttwoch de Moien an der Chamber deposéiert a presentéiert huet.
De Finanzminister Gilles Roth huet e Mëttwoch de Moien an der Chamber de Budget fir d'Joer 2027 presentéiert.
© Michèle Sinner

An enger Zäit vun Onsécherheet géing d'Regierung bewosst de Choix huelen, fir z'investéieren an d'Leit an d'Betriber z'entlaaschten. Déi grouss Steierreform soll eréischt 2028 a Kraaft trieden, esou datt se nach net am Budget fir dat nächst Joer comptabiliséiert ass. Och net chiffréiert, ass e Gehälteraccord beim Staat, deen dëser Méint eréischt verhandelt gëtt.

Am Budget stinn awer beispillsweis 212 Milliounen Euro fir d'Hausse vum Mindestloun ëm 200 Euro, déi virum Summer ausgehandelt gouf, oder nach sëlleg steierlech Virdeeler beim Invest an eng Wunneng, mee och staatlech Investitiounen an de Steen oder d'Hausse vun der Enveloppe fir staatlechen Opkaf vu Wunnengen um Plang (Vefa). Aner Mesurë vun der Tripartite, fir d'Energiepräisser ze bremsen, lafen Enn vum Joer of.

Am Budget stinn dann och 152 Milliounen Euro fir d'Hausse vum Kannergeld an 119 Millioune fir d'Reform vum Chèque service accueil.

Business friendly

Fir d'Betriber geet, ewéi schonn annoncéiert, d'Kierperschaftssteier den 1. Januar ëm 1 Prozentpunkt erof – vu 16 op 15% fir grouss Betriber a vu 14 op 13% fir kleng Betriber. D'Bonifikatioun fir den Invest an déi digital an energeetesch Transitioun geet vun 18 op 21 Prozent erop. Ouni Detailer ze ginn, huet de Finanzminister ugekënnegt, datt fir Talenter unzezéien, den Expat-Regime moderniséiert, d'Bedeelegungsprimmen erweidert an de Carried-interest-Regimm nei gereegelt ginn.

Fir d'Transmissioun vu Betriber an der Famill z'ënnerstëtzen, gëtt d'Schenkung an direkter Linn oder un de Partner steierfräi.

Interessant ass dann och, datt de maximalen Delai vu 17 Joer, fir Verloschter weider ze schreiwen, ofgeschaaft gëtt. De Gilles Roth sot och, datt d'Stock Options en neie rechtleche Kader kréichen. Fir den Invest ze fërderen, mee net d'Spekulatioun, gëtt par konter den Delai fir steierfräi Plus-valuë bei Verkeef vun Aktie vu 6 op 12 Méint an d'Luucht gesat.

D'Investissementer si bei 4,5 Milliarden Euro chiffréiert, d'Hausse vun de Militärausgaben d'nächst Joer bei 116 Milliounen Euro fir op 1,27 Milliard ze kommen. Fir de Schinne-Fong sinn 825 Milliounen Euro virgesinn, fir de Stroosse-Fong 532 Milliounen.

Gewiicht vum Zentralstaat méi grouss

Esouwuel fir dëst, ewéi fir dat nächst Joer rechent de Finanzministère elo mat engem budgetären Defizit vu ronn 1,9 Milliard Euro beim Zentralstaat. D'Sécurité Sociale soll d'nächst Joer duerch Transferten aus dem Staatsbudget a Cotisatiounshaussen en Iwwerschoss maachen. D'Gemenge sollen no engem Defizit dëst Joer duerch eng Hausse vun der staatlecher Dotatioun d'nächst Joer och nees am grénge Beräich sinn.

De Gesamtstaat schléisst esou just nach mat engem Defizit vu 570 Milliounen Euro. Däitlech manner ewéi bei Regierungsuntrëtt virun 3 Joer gefaart gouf.

Bis Enn vun dësem Joer klëmmt d'Staatsschold op 29,3 Prozent vum PIB, notamment duerch en neien Emprunt dëse Mount. Trotz all deem wieren d'Staatsfinanzen awer och ënner Kontroll, esou de Gilles Roth.

Rapporter fir de Projet ass d'DP-Députéiert Carole Hartmann. Enn vum Joer wäert d'Chamber iwwert de Budgetsprojet ofstëmmen.

De Pressecommuniqué vum Finanzministère zur Budgetspresentatioun fannt Dir hei

Liest och hei:

Back to Top
CIM LOGO