
An der Nuecht op e Samschdeg war enger Policepatrull zu Déifferdeng e Gefier opgefall, dat ze séier an der Rue Charlotte ënnerwee war. Amplaz stallzehalen, huet den Automobilist versicht, sech duerch d’Bascht ze maachen, konnt kuerz duerno awer gestoppt ginn. Nieft engem positiven Alkoholtest, hunn d’Beamte bei enger Persounekontroll constatéiert, datt de Chauffer Pefferspray, eng Matraque an e sougenannte “Schlagring” dobäi hat. D’Waffe goufe saiséiert an de Mann huet Säi Permis mussen ofginn.
Am fréie Samschdegmoien, géint 5.30 Auer, ass d’Police dunn zu Gaasperech op e Gefier opmierksam ginn, dat ouni Luuchten ënnerwee war. De Chauffer huet säin Auto eréischt gestoppt, wéi d’Beamten d’Sireenen ugemaach hunn. Hien huet hinne géigeniwwer direkt zouginn, Alkohol gedronk ze hunn. Den entspriechenden Test ass positiv ausgefall an de Mann gouf protokolléiert.