Europäesch KulturhaaptstadZu Esch gouf den Europadag 2022 grouss gefeiert

Pierre Weimerskirch
Op 60 Stänn konnten d'Visiteure sech iwwer de Fonctionnement vun der EU an hire Programmer informéieren.
Europadag zu Esch
Op 60 Stänn konnten d’Visiteuren sech iwwer de Fonctionnement vun der EU an hire Programmer informéieren.

E Méindeg ass Europadag. A fir déi éischte Kéier goufen d’Feierlechkeeten zu Esch, an der europäescher Kulturhaaptstad, organiséiert.

Fir déi Jonk gouf et eng sougenannten “Youth Area” mat 30 Stänn am Haff vun der Schoul op der Brillplaz. An dësem Joer ass och de Mutt vum ukrainesche Vollek an d’Hëllef gewierdegt ginn, déi vill europäesch Bierger den ukrainesche Flüchtlingen ugebueden hunn.

Europadag zu Esch / Rep. Sabrina Backes

Den Europadag erënnert un de Robert Schuman, dem fréiere franséischen Ausseminister, deen a Clausen gebuer gouf. Den 9. Mäi 1950 koum et zum sougenannte Schuman-Plang, dee wollt déi franséisch an däitsch Stolproduktioun zesummeleeën a Fridden an Europa ze garantéieren. De Staatsminister Xavier Bettel:

“Rappelez vous qu’avant ’57, la deuxième guerre mondiale, la France et l’Allemagne se faisaient la guerre. Et c’est quelqu’un comme Robert Schuman qui a décidé qu’on va se mettre autour de la table et qu’on allait construire quelque chose ensemble.”

Och haut nach identifizéiert sech d’Europäesch Unioun mat Wäerter wéi Fridden, Demokratie a Solidaritéit. Solidaresch wëll d’EU sech och mat den Affer vum Ukrain-Krich weisen:

“L’Ukraine qui veut se rapprocher de l’Union européenne, qui veut faire partie de notre famille se retrouve aujourdh’hui attaquée de manière inadmissible et injustifiable. Et la seule réponse que nous avons est celle de la solidarité, celle de vouloir tenir ensemble, celle de vouloir dire à l’Ukraine, on ne vous laissera pas tomber.”

D’Wichtegkeet vun Europa an den Zesummenhalt wier duerch Krise wéi d’Pandemie an aktuell dem Ukrain-Krich méi grouss ginn. Dëser Meenung waren och verschidde Visiteuren.

“Vill kennen dat net méi, dass et fréier Grenze gi sinn, dass et ënnerschiddlech Wärunge gi sinn, dass et haut ganz onkomplizéiert ass vun engem Land an dat anert ze goen.”

“C’est très important car nous pouvons toujours savoir que nous sommes toujours ensemble.”

“Mir liewen alleguer an enger Situatioun, wou mer mierken, dass d’EU e Friddensprojet ass an dat zanter 70 Joer. A wa mir geduecht hunn et géif net méi duer goe fir Europa als Friddensprojet ze verkafen, da wësse mer spéitstens zanter dem 24. Februar dass et eng aner Realitéit gëtt.”

Enner de verschiddene Krise géingen och virun allem déi Jonk leiden. Fir hinne kënnen eng Stëmm ze ginn, gouf och dat Europäescht Joer vun der Jugend a Kollaboratioun mam Educatiounsministere organiséiert. Dozou den Educatiounsminister Claude Meisch:

“Grad déi Jonk musse weiderdenken a kucken wat d’EU och an Zukunft mécht fir déi Jonk an och iwwerhaapt fir d’Mënschen an Europa. Ënner deem Motto gesinn ech 2022 Joer vun der Jugend, wou mer de Jonke mussen eng Stëmm ginn.”

Back to Top
CIM LOGO