Dräi BlesséierterZu Esch huet et um Freideg am Nomëtteg gebrannt

RTL Lëtzebuerg
An der Rue Dominique Joseph Hofferlin zu Esch huet et an engem Keller gebrannt
© RTL

Gréissere Pompjeesasaz e Freideg am Nomëtteg zu Esch an der Rue Dominique Joseph Hofferlin, wou et e Kellerbrand gouf. Nieft dem Samu waren d’Asazzentere vun Esch, Suessem-Déifferdeng a Schëffleng op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi zwou Ambulanze vun Esch an eng vu Suessem-Déifferdeng.

Wéi de CGDIS schreift, goufen dräi Persoune verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO