Offizielle Lancement e MéindegDen RTL Radio diffuséiert elo och iwwer DAB+

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg gouf an der RTL City den "Digital Audio Broadcasting" zu Lëtzebuerg agelaut.

Dat ënner anerem a Presence vun der Medieministesch Elisabeth Margue.

Dir dierft et gemierkt hunn, wann Dir e Méindeg Äre Radio-Display méi genee gekuckt hutt: Vun elo un diffuséiert RTL och ënnert der DAB-Plus-Norm, dat ënnert dem Motto “ëmmer, iwwerall a besser mat DAB+".

Den RTL Radio diffuséiert elo och iwwer DAB+
E Méindeg gouf an der RTL City den “Digital Audio Broadcasting” zu Lëtzebuerg agelaut, dat a Presence vun der Medieministesch Elisabeth Margue.

DAB steet dobai fir “Digital Audio Broadcasting”. Domat ass u sech alles iwwert déi digital Norm fir Radiosprogrammer z’iwwerdroe gesot: eng besser Tounqualitéit ouni Dauschen, iwwert DAB+ kënne supplementär Informatioune matgeschéckt ginn an den Empfang ass besser. D’Lizenz mat där zanter e Méindeg ënnert anerem och RTL Radio Lëtzebuerg iwwerdroe gëtt, ass 10 Joer valabel, weiderhi gëtt awer och analog iwwer UKW/FM gesent. Wéini dës Frequenzen ausgeschalt ginn, ass nach net decidéiert. All Autosradio, deen no 2021 verkaf gouf, muss iwwerdeem DAB+ kompatibel sinn.

Déi wichtegst Infoen zum DAB+ fannt Dir an eisem Dossier.

D’Schreiwes vum Medieministère

Back to Top
CIM LOGO