Ermëttlunge lafenZu Walter an zu Baschelt goufen et um Sonndeg Abréch

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, goufen et och e Sonndeg nees eng Partie Abréch uechter d'Land.

Si hunn am Bulletin um Méindeg de Moien zwee dovunner erausgegraff. Engersäits goufen et en Abroch e Sonndeg am fréien Nomëtteg an en Haus zu Walter an der Stauséigemeng. Et goufe Suen a Bijoue geklaut.

E Sonndeg den Owend dann hunn Onéierlecher sech Zougang zu engem Haus an der Rue Principale zu Baschelt verschaaft. Och hei goufe Bijouen a Boergeld geklaut.

Back to Top
CIM LOGO