Ee Fürerschäin agezunnZu Wolz an Näertrech war eng gréisser Alkoholkontroll

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend tëscht 18 an 21 Auer huet d'Police Alkoholkontrollen zu Wolz an Näertrech duerchgefouert.
© RTL Archiv

Dës ware vum Parquet ordonnéiert.

Am ganzen hunn 341 Automobiliste mussen en Alkoholtest maachen. A 7 Fäll war den Test positiv, ee Fürerschäi gouf op der Plaz agezunn.

Nieft de Verstéiss wat den Alkoholtaux ugeet, goufen awer och nach 4 aner Infraktioune festgestallt. An engem Fall gouf e Protokoll geschriwwen, well en Automobilist ouni Fürerschäi gefuer war.

Alkohol / Drogen um Steier

E Sonndeg de Moie gouf en Automobilist zu Suessem gemellt, deen d’Warnblinkanlag un hat, awer hannert sengem Steierrad geschlof huet. Eng Policepatrull konnt den Auto matten op der Strooss untreffen. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.

E Sonndeg den Owend gouf zu Réiden en Auto gemellt, deen an eng Heck gerannt wier. De Pneu vum Gefier war beschiedegt. Och hei konnt eng Policepatrull d’Automobilistin kuerz drop untreffen. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.

An der Nuecht op e Méindeg gouf zu Mäerzeg en Automobilist kontrolléiert, dat géint 01.30 Auer. E Cannabisgeroch ass de Beamten direkt opgefall, iwwerdeem den Automobilist net grad kooperativ war. Den Auto gouf duerchsicht an et goufen eng Partie Drogenutensilie fonnt, grad ewéi eng kleng Quantitéit Marihuana. D’Droge goufe séchergestallt an et gouf e Protokoll geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO