De CGDIS melltZwee Blesséierter an engem Accident am Iergäertchen an der Nuecht op e Méindeg

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem Tëschefall am Iergäertchen koum et e Sonndeg den Owend och nach zu zwee Bränn, béi deenen de CGDIS an den Asaz koum.
© Laurent Weber

Accident mat zwee Blesséierten e Méindeg de Moien um 3.50 Auer am Rond-point Iergäertchen an der Stad. En Auto war hei an der Sortie Richtung Findel an eng Mauer gerannt, mellt de CGDIS. Zwou Persoune goufen am Tëschefall blesséiert. Engem RTL-Reporter no war d’Police mat zwou Patrullen do fir d’Plaz ofzesécheren. Kuerz viru fënnef Auer war den Ofschleefdéngscht do.

Och e Sonndeg den Owend gouf et eng Rei Asätz. E Samu aus der Stad an eng Ambulanz vu Keel goufen um 17 Auer zu Hunchereng Op Mehlbich geruff. Do hat et an enger Stuff gebrannt. Eng Persoun koum zu Schued.
Beim Materialschued blouf et bei engem Brand an enger Wäschkichen e Sonndeg den Owend géint 18.15 Auer um Boulevard des Lumières zu Esch.

Back to Top
CIM LOGO