CGDISZwee Blesséierter bei zwee Accidenter um Mëttwoch am fréien Owend

RTL Lëtzebuerg
Gerabbelt hat et zu Bierg an zu Péiteng.
© Laurent Weber

E Mëttwoch géint 17.15 Auer ass zu Bierg en Auto an en “Obstakel” gerannt, wéi am Bulletin vum CGDIS ze liesen ass. Eng Persoun gouf bei deem Accident verwonnt. Eng Ambulanz vu Mäertert an d’Pompjeeë vu Menster waren op der Plaz.

Kuerz no 18.30 Auer ass en Automobilist mat sengem Gefier an e puer geparkten Autoen zu Péiteng gerannt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. D’Pompjeeë vu Péiteng an eng Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng war op den Asaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO