
Deemno war kuerz virun 12 Auer e Foussgänger an der Rue du Pont zu Gréiwemaacher vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Um Asaz waren d’Rettungsdéngschter vu Mäertert.
E weidere Blesséierte gouf et iwwerdeem kuerz no 13 Auer an der Rue des Gaulois zu Bouneweg. Och hei gouf de Foussgänger ugestouss a blesséiert a vun den Ambulancieren aus der Stad versuergt. Donieft waren och d’Pompjeeën aus der Stad op der Plaz.
Op der RN22 tëscht Biissen a Béiwen-Atert ass géint 13.35 Auer dann nach en Auto accidentéiert. D’Ambulanciere vum Zenter Nordstad an d’Pompjeeë vu Biissen waren um Asaz an hu sech ëm déi blesséiert Persoun gekëmmert.