
En Donneschdeg den 18. Dezember gouf der Police zu Bouneweg eng Bedruchsmasch gemellt. Deemno war eng Persoun vun engem presuméierte Wordline-Mataarbechter kontaktéiert an opgefuerdert ginn, e puer Iwwerweisungen iwwer d’LuxTrust-App ze confirméieren. Dono gouf probéiert, eng bis ewell onbekannt Zomm u Suen op de Konto vum presuméierte Money Mule z’iwwerweisen, fir esou un d’Suen ze kommen, déi iwwer de Bedruch geklaut goufen.
Duerch d’Kooperatioun vun e puer Police-Unitéite konnt de Besëtzer vum Konto identifizéiert a gestallt ginn. Nieft enger Perquisitioun an der Saisie vum Telefon vun der Persoun gouf dës op Uerder vum Parquet festgeholl a koum nach freides virun den Untersuchungsriichter.
E Sonndeg den 21. Dezember gouf der Police eng änlech Bedruchsmasch zu Esch-Uelzecht gemellt, bei där et ëm eng Zomm vu bal 20.000 Euro geet. Am Kader vun den Ermëttlunge konnt och an dësem Fall e presuméierte Money Mule identifizéiert a méi spéit vun der Patrull gestallt ginn. Och dës Persoun gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat een Dag méi spéit Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
D’Police rappelléiert, datt “Money Muling” strofbar ass.
An engem Artikel hu mir erkläert, wéi de Bedruch iwwer Money Mules genotzt gëtt a wéi ee sech schütze kann: