
E Méindeg kuerz virun 13 Auer war eng staark alkoholiséiert Persoun zu Bouneweg gemellt ginn, déi an engem Café mat Fläsche geheit huet. Op der Plaz war de Mann onkooperativ mat de Beamten an huet misse wéinst sengem Zoustand an den Arrest matgeholl ginn.
Um 19.30 Auer hat d’Police e weideren Asaz wéinst enger Persoun, déi ze vill gedronk hat. Dat op der Place de la Gare am Garer Quartier. De Mann, dee sech knapps nach stoe konnt, war bei der Kontroll immens opgereegt an huet sech net berouege gelooss. Well och hien eng Gefor fir sech an aner Leit war, hunn d’Beamten decidéiert, hie fir d’Nuecht mat an den Arrest ze huelen.
En Dënschdeg de Moie war, wéi d’Police schreift, enger Patrull e Mann an der Rue Goethe an der Stad opgefall. Dëse war grad aus enger Garage erauskomm, huet dës awer net zougemaach. Well de Beamten dat komesch virkoum, hu si hien ugeschwat, woubäi sech de Verdacht konkretiséiert huet, datt de Mann Saachen aus der Garage geklaut kéint hunn. D’Polizisten hunn d’Géigestänn séchergestallt an de Mann opgeschriwwen.
E viregten Abroch mellt d’Police op der Place de la Gare an der Stad. Méi genee war hinnen e Méindeg den Owend en Déifstall aus engem Auto gemellt ginn, bei deem en onbekannten Täter e Rucksak geklaut huet. D’Police sicht nom Täter.
D’Police huet vun e Méindeg op en Dënschdeg dann och nach dräi Mol e Fuerverbuet ausgestallt.
Deemno war en Dënschdeg den Owend en Automobilist mat engem futtisse Pneu zu Nidderkuer an der Lonkecher Strooss ënnerwee. Donieft war de Beamte gemellt ginn, datt de Chauffer ëmmer nees géing erausklammen a sech knapps op de Been kéint halen. D’Polizisten hunn d’Gefier lokaliséiert a gestoppt. En Alkoholtest beim Chauffer war positiv an e Fuerverbuet gouf ausgestallt.
E weidere Chauffer, deen ze vill gedronk hat, gouf zu Iechternach an der Rue Michel Horman erwëscht. Och hei war den Alkoholtest positiv an den Automobilist krut e provisorescht Fuerverbuet.
Um fréien Dënschdegmoien war dann nach en Automobilist gemellt ginn, deen an der Rue du Fort Neipperg am Garer Quartier hannert dem Steier mat lafendem Motor sou an net méi reagéiere géing. D’Rettungsdéngschter konnten de Mann wakereg maachen. Och dëse Mann war sichtlech alkoholiséiert, wat och en Test confirméiert huet. Um Policebüro huet de Mann allerdéngs en zweeten Test refuséiert, wouduerch och géint hien e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt gouf.