
Wéi d’Police mellt, hunn dräi Männer hei en Taxi geholl, fir op Diddeleng ze fueren. Wärend dem Trajet ass et dunn zu engem Sträit tëscht deenen dräi komm. Zwee vun hinne si géigeniwwer deem Drëtten handgräiflech ginn an hunn him den Handy ofgeholl. Dobäi hu si hie liicht blesséiert.
Den Taxichauffer huet schliisslech agegraff a versicht, de Sträit tëscht deenen dräi ze berouegen. Ma déi zwee Täter hunn doropshin ugefaangen, hien ze aggresséieren, sou dass hien hinnen d’Suen aus senger Keess ginn huet. Déi zwee Männer si schliisslech op der Héicht vun der Rue du Fort Neipperg aus dem Taxi geklommen.
D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet a konnt ee vun de Männer ermëttelen. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat e Méindegnomëtteg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.