Haten no der Auerzäit gefrotZwee Männer wollten Affer zu Waasserbëlleg Auer vum Aarm rappen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend ass een Affer mat liichte Blessure vun engem méiglechen Déifstall dervu komm.
© Laurent Weber

An der Grand-Rue zu Waasserbëlleg haten zwee Männer eng Persoun no der Auerzäit gefrot an hunn an deem Moment probéiert, d’Auer mat Gewalt vum Aarm ze rappen. D’Affer krut sech dobäi awer befreit a konnt mat liichte Blessure flüchten. Ermëttlungen an deem Fall goufen an d’Weeër geleet.

Zu engem Déifstall war et e Sonndeg den Owend op der Stater Gare komm. Géint 20.20 Auer gouf der Police e Virfall gemellt, bei deem eng Persoun am Tram den Handy aus der Posch geklaut krut. D’Ermëttlunge goufen direkt opgeholl a kuerz Zäit méi spéit konnten zwee Tatverdächtegter, sou wéi de geklauten Handy fonnt ginn. Et gouf Protokoll erstallt an den Handy un d’Affer zréckginn.

Schlaangelinnen op der Autobunn

De Weekend goufen et och nees eng Rei Fäll vun Alkohol um Steier. Sou beispillsweis an der Nuecht op e Méindeg, wou en Auto gemellt gouf, deen a staarke Schlaangelinnen iwwert d’A6 gefuer ass an dobäi ee Chantiersschëld, sou wéi och e puer Chantiersluuchten ofgeraumt huet. De Chauffer konnt kuerz Zäit duerno vun der Police op der Héicht vum Wandhaff gestoppt ginn. No engem positiven Alkoholtest gouf ee provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

Ee weidere Fall gouf et nach e Sonndeg den Owend zu Iechternach. Och hei war een alkoholiséierte Chauffer ënnerwee, deen nom Alkoholtest e Fuerverbuet ausgestallt krut.

Back to Top
CIM LOGO