
Bei dëser Inauguratioun war och d’Gesondheetsministesch Martine Deprez present. Bei den zwee PET-Scanneren handelt et sech ëm Apparater vun der neister “Omni Legend"-Generatioun aus dem Centre National PET am CHL.

Zënter Mëtt Oktober sinn dës Scanneren schonn zu 100% operationell an hätte schonn zu enger signifikanter Reduktioun vun de Waardezäite gesuergt. Dës ass vun ongeféier engem Mount op zwee bis dräi Deeg gefall. All Apparat huet eng Kapazitéit pro Dag vun tëscht 20 a 35 Leit, sou dass een eng Gesamtkapazitéit vu 70 Leit maximal pro Dag kéint erreechen, opgedeelt op déi verschidde Spideeler.

De Scanner, dee bis ewell am Asaz war, ass ëmmer erëm ausgefall, fir d‘lescht uganks Oktober. Dowéinst ass Mëtt Oktober en Ersatz-Apparat gelount ginn. Dëst Joer ass de PET-Scan schonn duebel esou dacks ausgefall, wéi nach 2022 an esouguer véier Mol esou vill wéi 2020.