
Am Kulturministère ass een der Meenung, datt zwee Schaarschtecher um Belval, déi fréier der Arbed gehéiert hunn, net schützenswäert sinn. Dat huet de Kulturminister Eric Thill en Dënschdeg de Mëtteg am Kader vun enger Froestonn gesot.
Am Fong sollten déi zwee Bauwierker, déi aus de Joren 1969 an 1972 sinn, an initial eng Héicht vun 115 Meter respektiv 75 Meter haten a spéider op 40 Meter gekierzt goufen, als Patrimoine industriel erhale ginn. Ma well d’Gemeng Suessem d’Renovatiounskäschten an Héicht vu 6 Milliounen Euro net droe wëll respektiv kann, ass geplangt, d’Tierm ofzerappen an do eng gréng Plaz ze amenagéieren.