CGDISZwou Kollisiounen, eng Persoun ugestouss, 5 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend koum et zu enger Partie Accidenter op eise Stroossen.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

Tëscht Lampech a Sprénkeng koum et géint 18.40 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen, hei goufen zwou Persoune blesséiert. De SAMU war och um kuerz no 20 Auer zu Rëmeleng an der Rue de l’Usine am Asaz, wéi sech do zwee Gefierer ze pake kruten. Zwou Persoune goufe verwonnt.

An zu Mamer, an der Rue du Millenaire, ass géint 18.10 Auer alt nees e Foussgänger ugestouss a verwonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO