Rekordverdächteg103 Joer al Fra ouni Fürerschäin an Assurance mam Auto ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
D'Polizisten an der italieenescher Klengstad Bondeno dierfte wuel net schlecht gestaunt hunn, wéi si en Dënschdeg an der Nuecht en Auto gestoppt hunn.
© RICCARDO FABI / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Dëse war opgefall, well en um 1 Auer moies mat héijer Vitess ëmmer nees duerch déi nämmlecht Strooss gefuer ass.

D’Automobilistin vum Auto konnt bei der Kontroll weder e valabele Fürerschäin, nach eng Assurance virweisen. Eng Carte d’identité hat si zwar bei sech, ma een, op deem als Gebuertsjoer 1920 drop stoung. D’Fra war also 103 Joer al. Trotz dësem rekordverdächtegen Alter hunn d’Polizisten der Fra hiren Auto ofschleefe gelooss a si nees heem bruecht. Wéi si géigeniwwer de Beamte sot, war si um Wee, fir Frënn ze besichen, déi baussent vu Bondeno wunnen.

Back to Top
CIM LOGO