Kritesche Fettschuedstoffer11 vun 19 geteste Fëschstäbercher-Zorte si belaascht, nëmmen 2 Zorte gutt

RTL Lëtzebuerg
Omega-3-Fettsairen, Jod an Eewäiss, alles dat fënnt een am Fësch. Deen hu Kanner bekanntlech manner gär, Fëschstäbercher dofir awer ëmsou méi.

Ma se si net just bei Kanner beléift. Si se dann iwwerhaapt gesond? Dat huet Stiftung Warentest lo ënner d’Lupp geholl an d’Äntwert ass erschreckend...

19 Produite goufe méi genee gekuckt, dorënner 11 klassesch Zorten, 4 fir an de Schäffchen a 4 vegan Zorten. Mam Resultat, dass bei 11 Produiten d’Panéiermiel däitlech mat kritesche Fettschuedstoffer belaascht ass. Just 2 Produite si mat “gutt” bewäert ginn.

Ënnert de getesten Zorten, déi präislech vu 6,20 Euro bis hin zu 16 Euro kaschten, fënnt een déi bekannte Marke wéi Iglo, Frosta oder Zorten aus den Discounter Aldi a Lidl, mä och vun der Bio-Mark Alnatura.

Am beschten ofgeschnidden, hunn d’Fëschstäbercher vu Frosta, hannendrun déi vun Alnatura. Wéi gesot déi eenzeg, déi als gutt bewäert goufen. Ganzer 8 Produite kruten eng genügend Nott, dorënner déi vun Iglo, der wuel beléiftster Zort iwwerhaapt. Denkt ee sech lo, bei veganen Zorte wéinstens manner falsch ze maachen, da just wéinst dem etheschen Aspekt. Déi vegan Stäbercher op Basis vu Soja a Geméis krute just e “befriddegend”. Nëmmen 2 Zorten hätten iwwerhaapt mol bëssen no Fësch geschmaacht.

Problematesch ass de Fait, dass Schuedstoffer an 11 Produite fonnt goufen. Hei handelt et sech an der Haaptsaach ëm de Fettschuedstoff 3-MCPD, deen aus dem Ueleg staamt, mat deem d’Stäbercher frittéiert ginn. Besonnesch d’Zorte fir an de Schäffche vun Iglo a Rewe waren domat staark belaascht. Donieft hunn d’Tester och ervirgehuewen, dass an de vegane Stäbercher vu Kaufland ze vill gesättegt Mineraluelegkuelewaasserstoffer* sinn.

Grondsätzlech muss ee soen, dass Fëschstäbercher net grad zu de gesondste Liewensmëttel zielen, wat Stiftung Warentest dann och nach emol ënnerstrach huet. Dat läit virun allem um héije Fettundeel duerch d’Panéieren, ma och wéinst dem héije Salzundeel. Ëmmerhi kënne se domat mam Jod punkten.

Wie sech dann elo als Eltere seet “ma ëmmerhin ësst mäi Kand da wéinstens Fësch”, fir déi hunn d’Tester eng Recommandatioun: Kanner am Crèchen-Alter sollten als Moolzecht zesumme mat anere Bäilage just 3 Fëschstäbercher iessen, fir méi grouss Kanner an Erwuessener sinn der 5 ok.

*Mineraluelegkuelewaasserstoffer (op englesch Mineral Oil Hydrocarbons) ass e Begrëff, deen an der Ëmweltannalistik benotzt gëtt, fir e Grupp chemesch Verbindungen aus Kuelestoff a Waasserstoff, déi an Uelegen enthale sinn. Mineraluelegkuelewaasserstoffer ginn als Léisungsmëttel, als Heiz- a Schmierueleg wéi och als Bensinn- oder Dieselkraaftstoff agesat.

Back to Top
CIM LOGO