Mat 200 Stonnekilometer15 Joer ale Jong flücht virun der Police

RTL Lëtzebuerg
No enger rasanter Poursuite krut d'Police e Jong vu 15 Joer ze paken, dee sech hannert d'Steier gesat hat.
© AFP

Zu Osnabrück war hien um Mëttwochowend mat 170 Stonnekilometer duerch d’Foussgängerzon gefuer. D’Police ass op hien opmierksam ginn, nodeems hie beim Ofbéie kee Winker gesat hat.

Amplaz stoenzebleiwen ass dee jonken Automobilist allerdéngs duerch e puer rout Luuchte gefuer. Op enger Plaz matten an der Stad wier et bal zu engem Accident komm, een anere Chauffer misst iwwert e Busarrêt auswäichen. Iwwert eng weider Plaz ass hie mat 200 Kilometer an der Stonn gefuer.

Mat e bëssen Ofstand huet d’Police du gesinn, wéi de Jong an e Luuchtepotto gerannt ass. Nodeems hien nach versicht huet zu Fouss fortzelafen, krut d’Police hien awer ze paken. Weider gouf hie beim Accident blesséiert. Eng Enquête gouf lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO