Weltwaasserdag2,2 Milliarde Mënschen hu keen Zougang zu propperem Drénkwaasser

RTL Lëtzebuerg
Eng sécher a gerecht Waasserversuergung fir all d'Länner op der Welt ass engem UN-Bericht no indispensabel fir Wuelstand a Fridden.
© AFP Symbolbild

Ouni Waasser gëtt et keng elementar Sécherheet, keng landwirtschaftlech Produktioun a keng Industrie. “Hunn d’Mënsche keen Zougang zu propperem Waasser, si se Krankheeten ausgesat, déi si dorun hënneren, an d’Schoul ze goen, schaffen ze goen oder produktiv ze sinn”, seet de Richard Connor, Chefredakter vum Weltwaasserrapport vun der UN-Wëssenschaftsorganisatioun Unesco.

Weltwäit hunn dem UN-Bericht no 2,2 Milliarde Mënsche keen Zougang zu propperem Drénkwaasser. 3,5 Milliarde Mënsche kënne keng propper Sanitärsariichtunge benotzen an an Entwécklungslänner stinn nëmmen 80 Prozent vun den Aarbechtsplazen a Verbindung mat Waasser.
Ongläichheete beim Verdeele vun de Waasserressource suerge fir Spannungen, déi d’Veronsécherung bei der Waasserversuergung verschäerfe kéinten. Fir Konflikter ze verhënneren, schwätze sech d’Vereenten Natiounen fir eng verstäerkten Zesummenaarbecht op internationalem Niveau aus.

Back to Top
CIM LOGO