3 Joer Jugendprisong21 Joer ale Bankemployé klaut 735.000 Euro

RTL Lëtzebuerg
De Mateusz Z. hat am Juli 2022 735.000 Euro aus dem Tresor vun enger Bank an engem Münchener Viruert geklaut.
© Envato _Tempus_

Hien hat deen Ament selwer bei der Bank geschafft. En Donneschdeg gouf hien dowéinst vum Münchener Landgericht I zu enger Strof vun 3 Joer Jugendprisong verurteelt. Ausserdeem muss hien d’Suen zeréckbezuelen. Dem Geriicht no, hätt de Mateusz Z eng enorm héich kriminell Energie.

Hien hat am Virfeld vun der Dot als Employé eng grouss Zomm Geld an d’Bankfiliale bestallt, fir op dës Manéier nach méi Sue klauen ze kënnen. Nom Déifstall soll hien d’Suen un en onbekannte Kompliz iwwerginn hunn. Den Z war no der Dot geflücht. Hien hat sech der Police awer no 7 Méint gestallt.

Dem Geriicht no géifen et am Mateusz Z sengem Frëndeskrees méi stroffälleg Leit ginn, ewéi Leit, déi net stroffälleg gi wieren. Bei senger Dot hätt hie Schwächen am System vun der Bank analyséiert an ausgenotzt.

Back to Top
CIM LOGO