Ëmmer nach e beléifte Vakanzenjob3 Woche Fouer heescht 3 Wochen "nonstop" schaffen

RTL Lëtzebuerg
Wat mécht een als Student an der grousser Vakanz? Et sicht ee sech Mol gären eng Beschäftegung, mat där ee sech säin Täschegeld kann opbesseren.
E Studentenjob op der Fouer
Trotz der grousser Ustrengung, ass e Vakanzenjob op der Fouer nach ëmmer ee vun de beléiftsten.

Et ass wuel de beléiftste Studentenjob am Summer, ma sécherlech och ee vun den ustrengendsten. 3 Woche Fouer, dat heescht 3 Wochen “non-stop"schaffen, ma dobäi awer och méi Sue verdéngen, wéi op enger anerer Plaz.

Dëst Joer gouf et allerdéngs Diskussiounen, well keng Studenten ënner 18 Joer méi op der Fouer dierfe schaffen. U sech wieren déi meescht Studente souwisou groussjäreg, héiere mir vu ville Forainen. Virun allem op Plazen, wou giess a gedronk gëtt, wier et ëmsou besser, wann d‘Studenten méi al wieren. Et wier een dach mat Alkohol a vill Kaméidi op der Schaff konfrontéiert an et wier och vu Virdeel, wann ee schonn e Führerschäin hätt, fir owes spéit heemzekommen.

Ma d‘Fouer gëllt och nach ëmmer ënnert de Studenten als beléifte Vakanzenjob. 20 Deeg um Stéck wier zwar intensiv, ma dat géing sech awer lounen, well souvill Suen, ewéi hei, géinge se soss op kenger anerer Plaz an där kuerzer Zäit maachen. En plus wier et ëmmer eng flott Ambiance an et géing een zesummewuessen.

Och vu Säite vun de Forainen héiert een ëmmer nees, dass vill Studente Joer fir Joer nees froe géifen, fir zréckzekommen. Ouni Studente wier et och schwéier, all déi Aarbecht ze bewältegen, déi op der Fouer ufält.

Back to Top
CIM LOGO