No de ville Feierdeeg vum leschte Joer gëtt et eng nei Erausfuerderung am Januar: Den Dry January. Ee Mount keen Alkohol – net emol e Glas. Hei zu Lëtzebuerg soll eng App aus England d’Leit motivéieren, fir iwwert hir Gesondheet ze reflektéieren. Mir wollte wëssen, Wat dir dovunner haalt. Brauch een dat iwwerhaapt a wéi gesäit d’Bezéiung vun de Lëtzebuerger zum Alkohol iwwerhaapt aus?
“Try Dry” ass net nëmmen eng App oder en Trend – et ass eng Erausfuerderung, déi eis iwwert eis Konsum Gewunnechte nodenke léisst. D’App gouf hei am Land 1.500 Mol erofgeluede an 1.100 Leit sinn den Ament drop aktiv. Et war jo de Gesondheetsministère, deen dës Campagne, déi et am Ausland scho méi laang gëtt, dëst Joer hei am Land an d’Liewe geruff huet.