Invité vun der Redaktioun (2. Januar) - Aka BambergerEe Mount ouni Alkohol am "Héichkonsumland Lëtzebuerg"

Claude Zeimetz
E Freideg de Moie war den "Dry January" Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Aka Bamberger
E Freideg de Moie war den “Dry January” Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

En Donneschdeg huet den éischten offizielle sougenannten “Dry January” zu Lëtzebuerg ugefaangen. De Santésministère ënnerstëtzt d’Campagne, déi initial aus Groussbritannien kënnt an d’Leit encouragéiert, de ganze Januar keen Alkohol ze drénken, eng éischte Kéier mat. Gedroe gëtt d’Initiativ donieft vun der Kriibsfondatioun, der ASBL Arcus-Quai 57, dem Therapiezenter vun Useldeng an dem nationale Suchtpreventiounszenter CNAPA. D’Fachberoderin fir Suchtpräventioun Aka Bamberger war an deem Kontext e Freideg de Moien eis “Invitée vun der Redaktioun”.

Déi lescht Jore gouf et schonn änlech Campagnen am Januar, vun der Fondation Cancer an dem Suchtverband. Nei ass, datt de Santésministère d’Lizenz vun der brittescher Campagne kaf huet. Leit, déi beim “Dry January” matmaachen, ginn elo via Emailen, eng Facebookgrupp an d’App “Try Dry” encouragéiert, déi 31 Deeg duerzehalen. An de leschten Deeg hätten eng 600 Leit d’App nei erofgelueden, sot eis Invitée um Freideg de Moien. Den “Dry January” gëtt et elo zanter 12 Joer a Groussbritannien. Antëscht géif bal all Fënneften op der Insel matmaachen. Et wier quasi e Massephenomen ginn, sou d’Aka Bamberger, déi sech freeë géif, wann och Lëtzebuerg dohinner kéim.

“Dry January” keen Opruff doheem ze bleiwen

Den Interessensverband vun de Restaurateuren, Cafetieren an Hotelieren d’Horesca kritiséiert, zesumme mam Direkter vun der Vinsmoselle de Support vun der Regierung fir den “Dry January”. D’Zäite fir de Secteur wieren elo scho schwéier. Et wier besser, de Leit de Message ze vermëttelen a Moossen ze drénken. D’Fachberoderin vum CNAPA Aka Bamberger huet gekontert, éischtens géif kee gezwonge bei der Campagne matzemaachen. Et wier eng “Invitatioun eppes fir d’Gesondheet ze maachen”. An zweetens géif och kengem geroden, sech doheem anzespären bis den 31. Januar. Vill méi wier et d’Opfuerderung, weider erauszegoen an dann eben amplaz vum Béier oder Wäin eppes ouni Alkohol ze bestellen. Et wier op kee Fall d’Zil, d’Leit aus de Caféen a Restauranten erauszehalen.

Datt d’Genosschaftskellerei Vinsmoselle Wäikonsum a Moosse propagéiert, wier vun engem Wäiproduzent elo net iwwerraschend ze héieren, sou eis Invitée nach. Et misst een awer wëssen, datt Alkohol och schonn an engem moderate Konsum kriibserreegend ass.

Lëtzebuerg an der Top 10 weltwäit beim Alkoholkonsum

Zu Lëtzebuerg gëtt, der Fachberoderin beim nationale Suchtpräventiounszenter CNAPA no, iwwerduerchschnëttlech vill Alkohol consomméiert. De Grand-Duché wier en “Héichkonsumland” mat 11 Liter rengem Alkohol, pro Joer op de Kapp. Dat wieren ëmgerechent ronn 28 Fläsche Vodka pro Persoun, sou d’Aka Bamberger. Hei am Land wier Drénken nach ëmmer am Alldag normaliséiert. Den Alkohol wier vergläichsweis extrem bëlleg, zu all Auerzäit vu 16 Joer un disponibel an de Marketing wier u sech guer net gereegelt. Dobäi géif een am Ausland gesinn, datt ee grad op deenen dräi Punkte konkret an der Preventioun kéint op den Alkoholkonsum vun de Leit awierken.

“Dry January” net méi an net manner wéi eng “Invitatioun”, eppes fir d’Gesondheet ze maachen

D’Fachberoderin fir Suchtpräventioun beim CNAPA wonnert et net, datt déi staatlech Ënnerstëtzung vum “Dry January” fir gedeelte Reaktioune suergt. Konsum wier eng héchst privat Saach. D’Aka Bamberger huet um Freideg de Moien ënnerstrach, datt hei keen zu eppes gezwonge géif. Et wier net méi an net manner wéi eng Invitatioun, déi jiddereen unhuele kéint oder eben net.

Persounen, déi en Alkoholproblem hunn, kréien explizitt ofgerode beim “Dry January” matzemaachen.

Ee Mount Alkoholverzicht bréngt schonn eppes

Kritiker monéieren och, den “Dry January” wier just eng Trenderscheinung. Eis Invitée huet awer betount, datt och 31 Deeg ouni Alkohol schonn noweislech kuerzfristeg positiv Effekter op d’Gesondheet hätten. E bessere Schlof, eng besser Haut, Gewiichtsverloscht a besser Bluttwäerter. An anere Länner hätt een och gesinn, datt 60% vun de Leit, déi beim “Dry January” matmaachen och duerno manner drénke wéi virdrun.

Invité vun der Redaktioun: Aka Bamberger

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO