
D‘Chrëschtdeeg sinn eriwwer a Silvester steet virun der Dier. Traditionell ass d‘Enn vum Joer fir vill Leit eng Zäit, an där aussergewéinlech vill Alkohol konsuméiert gëtt. Am Januar kënnt da bei Verschiddenen d‘Abstinenz. De Grand-Duché mécht elo eng éischte Kéier offiziell beim Dry January mat, am Kader vun enger internationaler Gesondheetsinitiativ, déi d’Leit dozou animéiert, ee Mount laang komplett op Alkohol ze verzichten. D’Zil ass et, d’Relatioun zum Alkohol bewosst ze hannerfroen an d’Risike fir d’Gesondheet ze thematiséieren.
Et ass eng vun den eenzege legalen Drogen, fir déi ee sech heiansdo rechtfäerdege muss, wann ee se net konsuméiert. An trotzdeem stierwen den Zuele vun der Weltgesondheetsorganisatioun no, weltwäit all Joer ongeféier 2,6 Millioune Mënschen un Ursaachen, déi op Alkoholkonsum zréckzeféiere sinn. Alkohol ass eppes, wat an eiser Gesellschaft a Kultur komplett integréiert an normaliséiert ass, seet d‘Dokter Claude Besenius, Psychotherapeutin a Chargée de direction vum Centre thérapeutique zu Useldeng.
„Et ass esou normaliséiert, dass et ganz laang net opfält, dass een op eemol aus där Normalitéit rausfält an déi Linn iwwerschrëtt vun: Wat ass normale Konsum bis zu do ass effektiv ee Problem, do huet sech eng Ofhängegkeet entwéckelt. Et ass e bëssi esou wéi den Äisbierg, deen aus dem Waasser stécht. Et ass ganz laang, ganz ok, a jidderee mécht mat deen ee Punkt, wou et aus dem Waasser raus kënnt. An da soe mir all: Uh, deen doten huet ee Problem! An dann ass et immens schwiereg fir déi Persoun, dat deen Ament z‘erkennen an ze soen: Wat ass dann elo anescht wéi Gëschter? An dann och eppes ze maachen domat.“

Schonn eng temporär Paus bitt vill kierperlech a mental Virdeeler. Bessere Schlof, eng méi schéin Haut, méi Energie, verbessert Konzentratioun a Stëmmung, souwéi manner Stress. D‘Iniativ Dry January ass 2013 a Groussbritannien an d‘Liewe geruff ginn. D’Iddi ass einfach: ee Mount laang bewosst op Alkohol verzichten, fir d’Relatioun zum eegene Konsum ze hannerfroen an déi positiv Auswierkungen, selwer um eegene Kierper ze erliewen.
Zu Lëtzebuerg gëtt des Campagne fir eng éischte Kéier, ënner anerem vun der Direction de la santé, der Fondation Cancer, dem Suchtpräventiounszenter an dem Therapie-Zentrum vun Useldeng lancéiert. Dobäi geet et net drëms, eppes ze verbidden oder ze moraliséieren, mee drëms, ee Bewosstsinn ze schafen an den eegenen Alkoholkonsum a Fro ze stellen, erkläert d‘Catherine Tomicic, Coordinatrice vum nationalen Alkoholsplang.
„Mir hunn Enn 2024 eng kleng Enquête gemaach zesumme mat der Fondatioun Cancer, do stellt ee just 3 Froen, dat nennt een den ADC am Milieu. An do kann een ebe plus ou moins rausfannen, ob de Konsum an engem Mëssbrauch ass oder net. A wat dobäi elo rauskomm ass, bei all de Leit déi do matgemaach hunn, do gesi mir, dass 50% an engem potentielle Mëssbrauch sinn.“

Alkohol mécht Schued an alle Beräicher. Net just am Kierper, mee och am sozialen a psychologesche Beräich. An ophalen ass net ëmmer esou einfach. Ma eng App kann dobäi hëllefen. Try Dry heescht se, a gouf entwéckelt fir d’Participanten de ganze Mount iwwer z’ënnerstëtzen. Si erlaabt dem Benotzer, seng Fortschrëtter Dag fir Dag ze suivéieren, gesondheetlech Virdeeler ze moossen a finanziell Aspuerungen ze gesinn.