Invité vun der Redaktioun (24. Dezember) - André MehlenWäin a Moossen, amplaz en ewech ze loossen

Annick Goerens
E Mëttwoch de Moie war de Wäin Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: André Mehlen

D‘Domaines Vinsmoselle sinn amgaangen ze schrumpfen. Dat huet den Direkter vun der Kooperativ e Mëttwoch de Moie bei eis am Studio confirméiert. Den André Mehlen war eisen Invité vun der Redaktioun. Net just d’Surface vun de Wéngerten, déi ee bebaut, géing schrumpfen, ma och d’Literen, déi ee géing verkafen, géingen ofhuelen, virop bei de Stëllwäiner. De Grond dofir wier, dass d’Leit manner Alkohol drénken. Weltwäit ma och zu Lëtzebuerg. De Chiffre d’affaires, deen ee géing maachen, wier awer konstant. “Dat heescht mir verkafe manner Wäin, awer zu engem bessere Präis.”

Wäin a Moossen, amplaz en ewech ze loossen

Wat net-alkoholesch Wäiner ugeet, do hätt een an de leschte Joren een Zouwuess gesi vu 40 Prozent. Trotzdeem géingen et Nische-Produkter bleiwen. Domaines Vinsmoselle produzéiert zwee Stëllwäiner, zwee Mousseuxen, all Kéiers Wäiss a Rosé, ouni Alkohol. Vun de 500 Hektar, déi ee bewirtschaft, wiere ronn zwee Prozent dofir. 100 Hektar wiere fir de Crémant an de Rescht fir Stëllwäiner.

Weltwäit gëtt et den Trend vum Lo-No also Low-Alcohol, oder No-Alcohol. Och den Dry January, also de sobere Januar gewënnt u Popularitéit. Den Direkter vun der Kooperatioun kritiséiert an dem Kontext och d’Initiativ vun der Regierung, fir do matzemaachen. Et géing ee sech do der Horesca uschléissen.“Ech fannen eng Regierung soll opklären, wat sinn d’Risike vun engem ze héijen Alkoholkonsum. Elo d’Leit opzefuerderen, näischt ze drénken. Ech mengen, dat ass e perséinleche Choix, dee jiddwer Konsument fir sech selwer soll treffen. An ech mengen dat ass och d’Responsabilitéit vu jidderengem Eenzelen.” Den André Mehlen huet drun erënnert, dass d‘Miseler Wënzer sech zu engem Konsum a Moosse bekennen. Si géingen d’Leit opfuerdere mat Moderatioun ze drénken. “Wäin a Moossen, amplaz en ewech ze loossen”.

Mir sinn um “Reset Point” wat d’Finanzen ugeet

No finanziell schwierege Jore wéinst héije Scholdzënsen a wéineg Recolte wär de Bilan vun dësem Joer awer ausgeglach, äntwert den Direkter op d’Fro, ob d’Rumeuren am Secteur stëmmen, dass et den Domaines Vinsmoselle finanziell géing schlecht goen. Donieft wier et esou, dass an engem Bilan och dat géing valoriséiert ginn, wat am Keller läit. Wann een dann eng Millioun Milliliter manner am Keller leien hätt an déi ginn op ee bis zwee Euro valoriséiert, da géing een dat och direkt am Bilan mierken. Aktuell wier een op engem Reset Point. Et géif ee villes ëmstrukturéieren a positiv no vir kucken. Sou ass zum Beispill de Verwaltungsrot reduzéiert ginn. D’Kooperativ soll méi einfach ze steieren ginn.

Iwwerall op der Welt hëlt de Wäibau of

Allgemeng géingen iwwerall uechter de Wäibausecteur d’Surfacen ofhuelen. Dat heescht et géing een den Ament schrumpfen an den André Mehlen hofft, dass ee sech bei 400 bis 450 Hektar apendelt. “Et huet och kee Wäert, datt mir hautzedaags nach 600 Hektar hunn, wa mer just fir 400 Hektar Wäi kënne verkafen, soudatt mer do mengen ech amgaange sinn, en Equiliber ze fannen, deen eis an déi richteg Richtung bréngt.” De Grond fir d’Schrumpfe wier net just, dass d’Leit manner drénken, mee et géing och u Successiounsproblemer hänken. Bei de Bauere wier et d’selwecht. Et wiere Beruffer déi manner agreabel a vläicht net esou einfach wiere wéi anerer. Fir d’Wënzer, déi hir Drauwe bei d’Kooperativ féieren, ze fideliséieren, hätt een dofir d’Primme gehéicht. Et géing een och un de Qualitéitskrittäre schaffen an weider Schrëtt fir d’Zukunft maachen.

Konsequenze vum Klimawandel: Méi Rouden?

Am Moment géingen et vill Schwankungen am Klima ginn. Mol en naasst Joer, mol e waarmt Joer, mol en dréchent Joer, mol e fiicht Joer. Do wier et schwéier, fir eng Drauwenzort ze nennen, déi perfekt dorun ugepasst wier. Natierlech géingen awer Iwwerleeunge gemaach ginn, beim Institut Viti-Vinicole fir méi Rouden unzebauen, mee dat wieren dacks och Wäiner mat méi héijem Alkoholtaux. Aktuell géingen d’Leit awer Wäiner mat manner héijem Taux sichen. Also liicht, fruchteg Wäisswäiner. “Duerfir mengen ech, menger Meenung no misste mer um Wäisswäi bleiwen. An dat ass och d’Zil, wat mer verfollegen,” sou den André Mehlen. D’Lies vun dësem Joer wier iwwregens ganz zefriddestellend gewiescht. Ugangs hätt ee sech nach Suerge gemaach wéinst dem ville Reen, mee et hätt den Drauwen näischt ausgemaach, erkläert den Direkter vun den Domaines Vinsmoselle.

Invité vun der Redaktioun: André Mehlen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO