Vum 26. Juli bis den 11. August nächst Joer sinn déi olympesch Summerspiller zu Paräis. Do wäerten sech d’Athleten an d’Spectateuren elo scho freeën, déi Vegetarier sinn.
D’nächst Joer soll iwwer d’Hallschent vum Iessen, wat do ugebuede gëtt, kee Fleesch enthalen. Dënschdeg gouf et zu Paräis en Avant-goût op dat, wat d’Leit herno kulinaresch erwaart.
Fleeschfräi Burgeren, Quinoa-Zalot oder Falafel - dat erwaart d’Athleten an d’Spectateuren elo am Juli um Teller. Zesumme mat hirem Partner, dee fir d’Iessen zoustänneg ass, hu se zu Paräis e Burger presentéiert. Et ass e Burger ouni Fleesch, deen aus Weess gemaach ass. Vegan ass en allerdéngs net, wëll e Stéck Emmentaler Kéis dobäi ass.
Vum 26. Juli 2024 wäerten da 60 Prozent vun deem, wat een ugebuede kritt, vegetaresch sinn, heescht et vu Paräis. 80 Prozent vum ganzen Iesse ginn herno aus Produiten hiergestallt, déi aus Frankräich kommen, fir esou den CO2-Foussofdrock vun de Spiller ze reduzéieren, esou d’Organisateuren.