
Déi 36 Joer al Fra, déi am Auto souz, gouf beim Tëschefall liicht blesséiert. Weider gouf den hënneschten Deel vum Auto beschiedegt. De Mann krut elo vun der Police matgedeelt, datt hie kee Gefier méi dierft steieren, fir dat een eng Autorisatioun oder e Permis bräicht. Géint hie gëtt elo ermëttelt.