Vu Gotham-City op London?"Ech sinn hei, fir d'Stad ze retten"

RTL Lëtzebuerg
Den Ament ass e Personnage zu London ënnerwee, deen als Batman verkleet de Leit am Alldag hëlleft. Wie sech hannert der Mask verstoppt, weess den Ament keen.
Am leschte Batman-Film huet de Robert Pattinson d'Rol vum Batman gespillt.
Am leschte Batman-Film huet de Robert Pattinson d'Rol vum Batman gespillt.
© WARNER BROS. - DC ENTERTAINMENT/Collection ChristopheL via AFP

De Batman vu London gëtt an de soziale Medien ëmmer méi bekannt. A senge Posts gëtt versprach: “Sot mer Är Problemer, an ech loosse se verschwannen.”

Gratis tanken a bezuelte Protokoller

De Londoner Batman huet awer wéineg mam DC-Comic-Held ze dinn. Mat konkreten Aktioune wëll hien de Leit am Alldag hëllefen. Bei enger Aktioun op enger Tankstell am Südoste vu London huet de “Batman” den Automobiliste Bongen am Wäert vu 70 Pond ginn. Insgesamt soll d'Aktioun den “neie Bruce Wayne” 3.500 Pond kascht hunn. Dat wieren insgesamt ronn 4.200 Euro.

Och Protokoller huet hie bezuelt, dat awer net fir Park-Rowdyen, mee fir Leit, déi an d’Kingston Hospital hu misse goen a nëmme Parkplazen an de Niewestroosse fonnt hunn.

A wien ass d'Persoun hannert der Mask?

D'Identitéit vum Londoner Batman bleift weiderhi geheim. Nach huet hien net verroden, wien en ass oder hu Medien erausfonnt, wien hannert dësen Aktioune stécht.

Back to Top
CIM LOGO