Méi al Leit, mä manner PopulatiounA Japan liewen 92.000 Leit, déi iwwer 100 Joer al sinn

RTL Lëtzebuerg
92.139 Leit liewen a Japan, déi scho säit 100 oder méi Joren op eiser Äerd liewen.
© Photo by Behrouz MEHRI / AFP

Déi drëttgréisst Wirtschaftsnatioun op der Welt zielt esou vill Leit iwwer 100 Joer, wéi vergläichbar quasi soss kee Land op der Welt. An awer huet Japan nach e ganz anere Problem, wat seng Populatioun betrëfft: Hir Zuel schrumpft an engem Rekordtempo.

Vergläicht een 2022 mat 2021, esou hunn am leschte Joer 801.000 Leit manner am Land gelieft. Japan huet aktuell eng Populatioun vu ronn 122,4 Millioune Leit. Esou e Réckgang gouf et, zanter datt dës Daten erfaasst ginn, nach ni.

Back to Top
CIM LOGO