Oberhausen: Onéierlecher sprengen Automat wärend Paus vu Sécherheetsmann

© AFP
An der leschter Nuecht gouf e Bankomat zu Oberhausen gesprengt. D'Täter hunn dobäi ausgenotzt, datt de Sécherheetsmann kuerz op d'Toilette war.
Bei dëser Sprengung gouf d'Gebai, an där d'Bank ass, schwéier beschiedegt. Zeien hate gesinn, datt méi Männer sech virun der Bank opgehalen hunn a méi spéit all zesumme mat engem donkelen Auto fortgefuer sinn. Wat si klaue konnten, ass aktuell nach net kloer, esou eng Spriecherin vun der Bank.
"Mir si frou, datt dem Mann vun der Securitéit näischt passéiert ass", esou d'Spriecherin weider. Et gëtt geschat, datt d'Ugräifer de Sécherheetsmann observéiert an an deem Ament, wéi dësen op d'Toilette gaangen ass, zougeschloen hunn. Weider heescht et vun der Volksbank, datt een eben op Securitéit op dëser Plaz gesat hat, well et Indice gouf, datt eng Band hei zouschloe wéilt.