Bal zwee Méint ass et hier, datt no engem Familljeniessen an Australien véier Gäscht schwéier krank goufen. Dräi Mënschen si gestuerwen.

Schold un der déidlecher Moolzecht war den héich gëftegen grénge Knolleblieder-Champignon, deen am "Filet Wellington" dra war. De Champignon wiisst do an der Géigend a gläicht engem aneren, iessbaren Champignon.

Bal zwee Méint méi spéit ass elo deen eenzegen Iwwerliewenden aus dem Spidol entlooss ginn. Den Ian Wikinson hätt d'Klinik no "grousse Fortschrëtter an der Gesondheet" e Freideg verlooss, huet seng Famill e Samschdeg matgedeelt.

D'Hobby-Kächin Erin Patterson hat den 29. Juli fir hir Schwéierelteren Don a Gail Patterson an de Baptisten-Paschtouer Wilkinson a seng Fra Heather gekacht. Scho kuerz no der Moolzecht goufen alle véier Gäscht schwéier krank. D'Erin Patterson hat selwer näischt vun hirem "Filet Wellington" giess an huet iwwerlieft, hir Schwéierelteren an dem Paschtouer seng Fra awer net.

Datt d'Erin Patterson, déi méi laang scho vun hirem Mann getrennt ass, selwer net matgiess huet, huet fir vill Rumeure ronderëm de Fall gesuergt. D'Police ermëttelt awer net géint d'Fra. Si seet, si hätt d'Champignonen an engem Geschäft kaaft, a kee Grond gehat, hire Gäscht Béises ze wëllen.