Brittescht KinnekshausKinnek Charles muss wéinst Prostate an d'Spidol - Kate um Bauch operéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Annonce koum kuerz no der Matdeelung, datt d'Kate, Prinzessin vu Wales, den Ament wéinst engem geplangten abdominalen Agrëff an der Klinick ass.
© AFP

Wéi ënnert anerem d’BBC an d’Noriichtenagence PA mellen, muss de brittesche King Charles III. déi aner Woch wéinst enger vergréisserter Prostate behandelt ginn.

Wéi et aus dem Buckingham-Palais heescht, géif de 75 Joer ale Kinnek seng Rendez-vousen fir eng kuerz Recuperatiounsphas ausfale loossen.

Prinzessin Kate och an der Klinick

D’Prinzessin Kate, d’Fra vum brittesche Krounprënz William, huet sech enger Operatioun ënnerzunn a muss bis zu zwou Wochen an der Klinick bleiwen.

Den abdominalen Agrëff, dee geplangt war, wier erfollegräich verlaf, dat huet dat brittescht Kinnekshaus e Mëttwoch matgedeelt. Elo misst d’Prinzessin vu Wales zéng bis 14 Deeg an der Klinick bleiwen, ier si sech dann doheem weider vun der Operatioun wäert erhuelen, heescht et weider.

D’Prinzessin Kate war den 9. Januar 42 Joer al ginn. Mam Prënz William, deem eelste Jong vum brittesche Kinnek Charles III., huet si dräi Kanner: den 10 Joer aalen George, dat aacht Joer aalt Charlotte an de fënnef Joer ale Louis.

Back to Top
CIM LOGO