Den "Hamilius", d'"Plëss" oder de "Gaalgebierg" dierfte villen e Begrëff sinn. Ma wouhier hunn d'Plazen an d'Stroossen zu Lëtzebuerg eigentlech hir Nimm?

D'Place Émile Hamilius an der Uewerstad, am Sproochgebrauch och einfach "Hamilius" genannt, ass och haut nach bei ville Leit virun allem wéinst de Busarrête bekannt, déi Haaptgrond vun der Zirkulatioun op der Plaz virum Ëmbau 2015 waren.

Den Emile Hamilius

Decidéiert gouf d'Gestaltung vun der zentraler Plaz am Joer 1974, fir déi déi fréier Aldrenger Schoul ofgerappt gouf. Benannt gouf d'Plaz nom laangjärege Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg, dem Émile Hamilius. De fréiere Lëtzebuerger Futtballer, dee seng berufflech Karriär als Offizéier an der Arméi ugefaangen huet a méi spéit Gerant vum bekannte Buttek "Lassner" um Knuedler war, war vun 1946 bis 1963 an der Stad am Amt. Donieft war den "Namensvetter" vun der Plaz och Deputéierte fir de Groupement Patriotique et Démocratique, der spéiderer Demokratescher Partei an zweete President vum  Rot vun de Gemengen a Regioune vun Europa (RGRE).

D'Place Hamilius

Nieft de Busarrêten um Hamilius war d'Plaz awer och bekannt fir den ënnerierdesche Passage mat Butteker ënnert de Busquaien, deen awer an de leschte Jore virum Ëmbau ëmmer méi verkomm war, dem grousse Postgebai, souwéi der sougenannter Nana-Statu "La Grande Tempérance" virum fréieren 9-Etagen-héije "Centre Émile Hamilius", dat als Verwaltungsgebai vun der Stad Lëtzebuerg genotzt gouf. Mëtt November 2011 war d'Statu awer wéinst dem geplangte Schantjen ewech geholl ginn. 2019 koum déi blo Damm op d'Plaz "um Piquet" an der Stad an haut steet se bei der Villa Vauban.

Verschiddener kennen déi grouss Plaz mat de Busarrêten, dem Hôtel des Postes an dem Passage awer och ënnert dem Numm "Aldrenger". Dat kënnt dovun, datt den Hamilius tëscht dem Boulevard Royal an der rue Aldringen läit, déi laanscht dat aalt Postgebai verleeft. Dohier och den Numm vun der aler Schoul, déi tëscht dem Boulevard Royal an der Rue Aldringen stoung, also genee do, wou tëscht 1971 an 2015 d'Place Hamilius war. An der rue d'Aldringen stounge fréier och d'Militärkasären "um Piquet".

De Chantier an de "Royal Hamilius" haut

Haut steet um alen Hamilius de grousse Komplex "Royal Hamilius" mat Geschäfter a Büroen. An um Bord mam Boulevard Royal engem Tram- a Busarrêt.