Prinzessin vu Wales entschëllegt sech wéinst manipuléierter Foto

© KENSINGTON PALACE/AFP/Prince of Wales
Bal zwee Méint no hirer Bauch-Operatioun huet de Palais vu Kensington um Sonndeg déi éischt offiziell Foto vun der Prinzessin Kate verëffentlecht.
Dës weist Si laachend op engem Gaardestull, zesumme mat hiren dräi Kanner George, Charlotte a Louis, déi ronderëm Si stinn. Fotograféiert goufe si vum Kate hirem Mann, dem Prënz William.
"Villmools Merci fir Är frëndlech Wënsch a permanent Ënnerstëtzung an deen leschten zwee Méint", heescht et am Post. "Ech wënsche jidderengem e schéine Mammendag", dee e Sonndeg a Groussbritannien gefeiert gouf.
An enger Erklärung vum Palais heescht et, datt d'Foto virun e puer Deeg zu Windsor gemaach gouf. De leschten ëffentlechen Optrëtt vun der Prinzessin gouf et bei der Chrëschtdagsmass vun der kinneklecher Famill zu Sandringham. E klore Grond fir d'Operatioun huet de Palais net matgedeelt, awer erkläert, datt d'Prinzessin hire Flichten net virun Ouschtere nokomme wäert. No der laanger Absence war et zu Spekulatiounen iwwert der Prinzessin hire Gesondheetszoustand komm.
Allerdéngs handelt et sech bei der genannter Foto ëm eng manipuléiert Opnam. AFP, Reuters an aner grouss Agencen hunn doropshin decidéiert, d'Foto nees vun hirem Site erofzehuelen. Op eng Nofro vun AFP huet de Palais vu Kensington net reagéiert.
Um Méindeg huet sech d'Prinzessin Kate entschëllegt. "Esou wéi vill Amateur-Fotografen, experimentéieren ech gäre mat der Beaarbechtung vu Fotoen. Ech wëll mech fir all Onkloerheeten entschëllegen, déi d'Familljefoto gëschter ausgeléist huet."

© KENSINGTON PALACE/AFP/Prince of Wales