Vill vun eis kenne bekannt, opfälleg oder schéi Plazen hei am Land. Ma wësst Dir dann och, wéi dës ausgesinn, wann Dir se aus engem 90-Grad-Wénkel gesitt?

An eiser Fotoserie "92,5 Grad Lëtzebuerg" werfe mer e ganz anere Bléck op de Grand-Duché. Mir weisen déi verschiddenste markant, bekannt oder manner bekannt, flott, grouss oder kleng Plazen, Gebaier oder Monumenter aus engem ganz anere Bléckwénkel. Nämlech voll vun uewen... aus 90 Grad.

Déi nächst 13 Woche presentéiere mer Iech all Mëttwoch verschidde Plazen aus der Vugelsperspektiv a picken eis awer och ee Motiv eraus, no deem Dir op d'Sich kënnt goen:

A wou ass dat heiten?

Rot mat a fannt eraus, wou déi eenzel Plazen opgeholl goufen. A mat e bësse Chance an engem gudden Timing kënnt Dir och eppes gewannen.

Déi éischt Persoun, déi op d'Plaz kënnt an eng Foto mat eisem RTL-Mataarbechter mécht, déi gewënnt* eise Präis vum Dag. Um 7.25 Auer war eis éischt Gewënnerin bei den Terrasses d'Europe an huet d'Apple AirPods mat Heem geholl.

Detailer zum Spill

All 15 Minutten, a bis mer e Gewënner fonnt hunn, weise mer eng weider Foto, déi e bësse méi vun der Plaz wäert weisen. D'Spill leeft eng gutt Stonn. Sollt bis zu deem Zäitpunkt keng Persoun op d'Plaz komm sinn, ass d'Chance op de Kaddo verflunn.

*De Gewënner muss op d'mannst 18 Joer al oder a Begleedung vun hirem Tuteur sinn. Fir ze gewannen, muss d'Persoun averstane sinn, datt hir Foto an hiren Numm op den RTL-Lëtzebuerg-Plattforme publizéiert gëtt.

Dës Woch hu mer eng Koppel Apple AirPods verspillt.

RTL

Wisou "92,5 Grad"?

Et dierft Iech dobaussen opgefall sinn. D'Fotoe sinn alleguerten aus engem 90-Grad-Wénkel opgeholl ginn. Den Numm "92,5 Grad Lëtzebuerg" huet awer nach eng aner Bedeitung.

D'Zuel "92,5" dierft den treien Nolauschterer vun RTL Lëtzebuerg bekannt virkommen: Et ass eng a wuel déi bekanntste Frequenz vun eisem Radio. Mat dësem Numm wëlle mer d'Relatioun tëscht dëser Serie, dem Grand-Duché an RTL nach méi an Evidenz setzen.