An eiser Serie "Op der anerer Säit vun der Grenz" léiere mer Lëtzebuerger kennen, déi hiert Liewen an hir Aarbecht an d'Groussregioun verluecht hunn.

Schonn am Virgespréich war mer kloer: De Fynn Steinmetz gëtt Bestatter, well et him Spaass mécht. Well scho beim éischten Telefonat huet de jonke Lëtzebuerger mer erzielt, datt hien op Tréier gaangen ass, fir de Beruff hei ze léieren. Eppes, wat zu Lëtzebuerg net méiglech wier. Am Grand-Duché kann een zwar eng Stageplaz dofir fannen, muss awer dann an unerkannte Schoulen an der Groussregioun den theoreteschen Deel maachen.

De Beruff kann een zu Lëtzebuerg net léieren

Am Lycée erzielt de Fynn, sollt hien e Stage d'orientation am soziale Beräich maachen. Altersheem oder Crèche hunn hien do net interesséiert, esou datt de Fynn sech decidéiert huet, bei engem Pompes funèbres sech d'Aarbecht unzekucken. "Mir war awer net bewosst, wéi vill ee mat Leit schwätzt. Mäin éischte Gedanke war: 'Du schaffs jo ee just mat doudege Leit'." De jonke Schüler krut en Abléck an dës Aarbechtswelt an et huet him gefall, esou datt de Fynn decidéiert huet, dono als Aushëllef weiderzeschaffen. Wärend dem Stage huet hien dann och déi éischt doudeg Persoun gesinn, déi si siche gaange sinn. Et war eng Erënnerung, déi hänke bliwwen ass.

Eppes war awer anescht, wéi hien et deemools aus de Filmer oder Serien kannt huet: "Esou eng grouss Killung, gouf et net", erzielt de Fynn. Wisou dat de Fall war, huet hien och séier matkritt: Zu Lëtzebuerg huet een nämlech just dräi Deeg Zäit, bis de Verstuerwene muss begruewe ginn.

No senger Première wosst de Fynn awer net direkt, wat hie maache soll. Et war Corona an hie wollt en Job fannen, dee Krisesécher ass. "Gestuerwe gëtt ëmmer", huet de Fynn gemengt. Well him d'Schaffen an deem Beräich scho Spaass gemaach huet, wollt hien och weider an de Beruff eragoen, och wann hien huet ëmmer nees vu Leit, déi do schaffen, héieren huet, datt een dëse Beruff just fir eng kuerz Zäit oder als Iwwerbréckung mécht. "Ech wollt et och léieren, mä zu Lëtzebuerg gëtt keng Ausbildung dofir ugebueden", erzielt de Fynn, deen och festgestallt huet, datt et am Grand-Duché e Mangel u Personal gëtt.

En Abléck an Däitschland: Eng ganz aner Welt

RTL

Esou hat hien de Choix, fir dës an Däitschland oder a Frankräich ze maachen. Well hien awer un der däitscher Grenz gewunnt huet a säi Franséisch net esou gutt war, huet hie sech fir eis ëstlecht Nopeschland decidéiert. Eng Ausbildungsplaz ze fannen, war awer net esou einfach. "Ech hunn op ville Plazen nogefrot an iwwerall hate se schonn en Azubi". Déi Äntwert koum bal iwwerall, egal op an der Grenzregioun, ronderëm d'Groussstied oder esouguer un der polnescher Grenz. Zu Tréier krut hien no engem weidere Stage schlussendlech d'Offer, ee Joer ze waarden, well dann hätte si nach eng Plaz fräi. Fir awer scho virdru weider Léieren ze kënnen, huet hien e Minijob bei engem Bestatter bei Saarburg ugeholl an hei e Joer matgeschafft.

A schonn an dësem Joer huet hie gesinn, datt et bei eisen Nopere ganz anescht ofleeft wéi bei eis am Land. "Et war och schonn hektesch, awer anescht. Méi organiséiert an et gëtt mat méi Fäingefill gemaach", erzielt mir de Fynn am Interview. Hie präziséiert awer och, datt hien net der Meenung ass, datt d'Pompes funèbres zu Lëtzebuerg keng gutt Aarbecht maachen, mä am Grand-Duché gëtt et insgesamt eng aner Astellung a Mentalitéit zum Doud an och d'Friste fir alles sinn extrem enk. "Wéi gesot, zu Lëtzebuerg huet een dräi Deeg Zäit, fir alles ze organiséieren, a Rheinland-Pfalz, wou ech elo meng Ausbildung, maachen, sinn et 10 Deeg".

En Alldag tëscht Schaffen zu Tréier a Schoul a Bayern

RTL

Dem Fynn seng Ausbildung besteet aus dräi Deeler: Schaffen am Betrib zu Tréier, Schoul zu Bad Kissingen a Bayern a speziell Formatiounen, wou dat praktescht geléiert gëtt. "Ech sinn normalerweis e puer Wochen um Stéck am Betrib, dann e puer Wochen an der Schoul an dann nees am Betrib". Et léiert ee vill an et kritt ee villes bäibruecht. "D'Formatioun gëtt et zanter 2003 an si huet de Beruff vum Bestatter hei am Land vill verännert", erzielt de Fynn a seng Cheffin d'Ulrike Grandjean confirméiert dëst. Et geet een anescht domadder ëm. "Ech denken, et wier och eng gutt Saach, wann een de Beruff zu Lëtzebuerg kéint léieren", esou de Fynn. "Et gesäit een, datt déi richteg Formatioun zu Lëtzebuerg feelt," erzielt de Fynn a gëtt d'Beispill vum Notze vun der "Schaufeltrage", mat där een Doudeger kann transportéieren.

"Et muss net normal sinn, datt dat alles esou séier muss goen"

Well Bestatter an Däitschland bedeit net just, Leit ofhuelen a begruewen. Et hänkt vill méi drun. "Mir begleeden d'Famill an hirer Trauer, stinn hinnen zur Säit an iwwerhuelen och vill vun de Chargen an Aufgaben, déi d'Famill vum Verstuerwenen zu Lëtzebuerg selwer muss maachen". Esou gehéiert et zu hirer Offer och dozou, datt si ënner anerem d'Assurance vun de Verstuerwenen all ofmellen, d'Demarche bei den Autoritéite maachen oder e Raum zu Verfügung stellen, wou d'Leit Äddi kënne soen oder eng Mass oder Änleches kënnen ofhalen. Bei enger Visitt duerch de Betrib erkennt ee gutt dem jonke Mann seng Passioun fir seng Aarbecht. Beréierungsangscht huet hien net an de Fynn fillt sech a senger Roll an op der Plaz, wou hie grad ass, wuel.

Zeréck op Lëtzebuerg? Weder e "Jo" nach en "Nee"

RTL

"Ech hat ni vir, fir ëmmer an Däitschland ze wunnen an ze schaffen", erzielt de Fynn Steinmetz. Zeréck op Lëtzebuerg ass an zweeschneidegt Schwäert. Engersäits wéilt hien zeréck a säin Heemechtsland, mä anerersäits hätt dat e puer Bemolen. An Däitschland kann ee vum Beruff gutt liewen, a Lëtzebuerg kritt een dacks just de Mindestloun. Mä nach méi wichteg ass fir de Fynn, datt hien et net esou maache wéilt, déi hien et am Grand-Duché esouwuel am Stage wéi och als Betraffene selwer erlieft huet. "De Beruff ka schéi sinn, well een d'Famill an d'Frënn beim leschte Schratt mat dem Verstuerwene begleeden an hinnen zur Säit stoe kann". Et wier e wichtege Beruff am Ëmgang mat den Hannerbliwwenen an esou misst dee Beruff och gesi ginn.

Anerersäits huet de Fynn e bëssen Angscht, datt seng Aart a Weis bei aneren am Secteur net gutt ukomme géif. "Ech wëll mech net als eppes Besseres gesinn, just well ech eng Ausbildung gemaach hunn, mä ech fannen, datt et einfach anescht gemaach ka ginn, wéi ech et bis ewell zu Lëtzebuerg erlieft hunn." Fir de jonken a passionéierte Mann ass awer och kloer, datt et dofir am Verännerunge brauch. Dat esouwuel an der Mentalitéit géintiwwer dem Doud ma och an der Politik, déi verschidde ganz al Reglementer definitiv misst upassen. D'Leit missten och méi Zäit kréien, fir ze traueren, well esou ee Verloscht kann och en Trauma ausléisen.

Dräi Froen un... de Fynn Steinmetz