E Pilotprojet bréngt d'Kanner eraus an d'Natur
D'Kanner nees raus an d'Natur kréien, dat ass d'Zil vun engem Pilotprojet, dem "Aire terrestre éducative" vum Syndicat ProSud.
Zanter dem Januar 2023 hunn zwou Klasse vu Rëmeleng aus dem Cycle 3 a 4 deelgeholl. Kofinanzéiert ass dat Ganzt vum Fonds National de la Recherche a vum Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung. Duerch verschidden Aktivitéite sollen d'Kanner eng Plaz an der Natur besser kenneléieren.
D'Lucie Majerus ass d'Coordinatrice vum Projet an erkläert op wat et ukënnt: “Et geet drëms, dass d'Kanner virun allem ganz oft erauskommen. Et ass entweder iwwert een oder zwee Joer, wou déi nämmlecht Klass da rausgeet. Bei dësem Pilotprojet si mir beim Arboretum an et geet virun allem dorëms, d’Plaz ze entdecken an och selwer demokratesch ze decidéieren, wat si am léifste wëlle maachen.”
Si solle verschidden Aufgaben am Naturschutzgebitt iwwerhuelen. Wéi eng genee dat sinn, hunn d'Kanner selwer entscheet. Ugangs hunn d'Kanner vill Iddie gehat, déi si wollten op der Plaz ëmsetzen. Alles wat si sech ausgeduecht hunn, konnte si zwar net ëmsetzen. De Projet ass elo eriwwer. Mee déi eng oder aner Saach wäert nach laang un de Projet erënneren. Ënner anerem hänken elo Villerchershäisecher, déi d'Kanner selwer gebaut hunn, op der Plaz. Si hunn d'Beschëlderung frësch gemaach an och een Herbarium zesummegestallt. Esou hu si och déi verschidde Bamaarten op der Plaz kennegeléiert.
Fir den Arboretum "An Aenzelnen" besser kennenzeléieren, huet de Biolog Jan Herr vun der Naturverwaltung gehollef. Hien huet hinnen d'Géigend gewisen an de Kanner erkläert, wat esou besonnesch un dësem Naturschutzgebitt ass. Fréier gouf hei Eisen ofgebaut, nach haut gesäit een do d'Iwwerreschter an der Natur. Mëttlerweil ass et ee Liewensraum fir vill verschidden Déierenzorten.
D'Konzept vun den "aires terrestres éducatives" kënnt aus Frankräich. Zu Lëtzebuerg war et déi éischte Kéier, dass esou ee Projet ëmgesat gouf. Wéi an ob et domadder viru geet, gëtt nach diskutéiert.