An de KannaNiuuss dës WochKannerfrëndlech Stied, Treffe fir de Fridden, Nations League a Justiz

Fanny Kinsch
D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläert
© RTL Grafik

Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.

Zwou grouss Reuniounen hunn d'international Aktualitéit dës Woch bestëmmt: Zu Shenzen a China souzen de Xi Jinping, de Wladimir Putin an den Donald Trump beieneen. Si hunn eng Friddensdeklaratioun ënnerschriwwen, bei där awer kee Wee aus de Kricher an der Ukrain oder am Iran gezeechent gëtt. Zu Berlin an Däitschland hu Vertrieder aus iwwer 40 Staate sech doriwwer beroden, wéi een der Ukrain kann hëllefen, sech am Krich géint Russland ze verdeedegen.

Fir d'Härefuttballnationalekipp ass d'Nations League-Campagne net gutt verlaf - op leschter Tabelleplaz an hirem Grupp hu si ofgeschloss.

De Vincent Van Gogh ass eréischt no sengem Doud bekannt ginn, elo gouf e Bild vun him fir 173 Milliounen Euro verkaaft.

Wéi funktionéiert d'Justiz? Dat konnte Kanner aus dem Cycle 4.2 am Rollengergronn an engem Atelier am Kader vum Weltkannerdag entdecken.

An am Reportage geet et dës Woch ëm kannerfrëndlech Stied. Déifferdeng ass déi éischt Stad zu Lëtzebuerg, déi bei dësem Projet vun der Kannerrechtsorganisatioun UNICEF matmécht. Zil ass, an all politescher Decisioun d'Meenung vun de Kanner mat anzebannen, dass d'Kanner also aktiv an der Politik kënne matschaffen an do Saachen an der Gemeng kënnen änneren, déi fir si wichteg sinn.

D'Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.

Wat sinn d'Kannaniuuss?  

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO