Traditioun zanter 1998De Kleesche war am Fond-de-Gras mat der Damplokomotiv ënnerwee

Christophe Hochard
Zanter 1998 invitéiert d'ASBL Train 1900 all drëtte Weekend am November d'Kanner mat hire Familljen an de Fond-de-Gras. Hei kënnt de Kleesche mat den Houseker op Besuch.
Traditioun zanter 1998
De Kleesche war am Fond-de-Gras mat der Damplokomotiv ënnerwee.

Ronn 800 Kanner kréien dëse Weekend nees Titercher vum hellege Mann. Um Samschdeg ass d'Damplokomotiv mam Zuch zweemol tëscht Péiteng an dem Fond-de-Gras gefuer. Um Sonndeg sinn dräi Faarte virgesinn.

Ëmmer Enn Oktober kënnen d'Elteren hir Kanner umellen. Dëst Joer war bannent siwe Stonnen alles ausverkaaft.

Back to Top
CIM LOGO