An eiser Serie "Op der anerer Säit vun der Grenz" léiere mer Lëtzebuerger kennen, déi hiert Liewen an hir Aarbecht an d'Groussregioun verluecht hunn.

Bis e bëssen hanner Merzig am Saarland sinn ech gefuer, fir de Gilles Simon ze treffen. Hien ass net just bis hannert d'Grenz geplënnert, mä huet hei och seng eege Firma opgemaach.

Zanter 2013 selbstänneg

De Gilles huet eng Firma fir Lettrage, also hie mécht ënner anerem Panneaue fir Reklammen, beklieft Fënsteren oder och Firmenautoe mat Logoen. Ma och T-Shirten, Kapen, Kaartespiller oder den Design vum eegene Logo bitt de Mann, deen ursprénglech aus dem Minett kënnt, un. "Dobaussen mierkt een, et feelt de Leit einfach iwwerall e bëssen u Geld", erzielt de Gilles mer am Interview, obwuel säi Geschäft nach relativ gutt leeft, och wann et méi lues dréint, wéi déi lescht Joren. Wou aktuell d'Sue feelen, "ass et bei der Pub, wou d'Leit enorm amgaange si mat spueren." Wann dann op der Camionnette vum Usträicher emol e Buschtaf feelt, dat feelt en eben. An och vill Entreprisen tauschen aktuell hir Ween net no dräi Joer aus, mä loosse se lafen, esoulaang se nach hire Déngscht erfëllen.

Och wann een aus ville Beräicher héiert, datt d'Coronazäiten net gutt gelaf sinn, esou war dat beim Gilles anescht. "Iergendwann hunn d'Betriber méi gemaach, fir Clienten unzelackelen", esou de Constat. Ma och, datt hien Opträg vu verschiddene Verwaltungen a Ministère hat, huet dofir gesuergt, datt d'Geschäft weider gerullt ass. An dofir ass hien och an der aktueller Situatioun optimistesch, datt nees besser Zäite kommen an et nees eng Kéier wäert ginn, wéi et war.

"Ech gesinn dee Klengen opwuessen"

RTL

D'Firma vum Gilles Simon, mat eegener Schell an eegener Entrée, ass op der selwechter Adress, wéi d'Wunnhaus vun der Famill. De grousse Virdeel vun der Saach ass, datt hie quasi ëmmer am Homeoffice ass. "Ech fänke mäi Schaffdag un, wann dee Klengen an der Schoul ass," esou de Gilles. Wann de Bouf dann doheem ass, kann hien och emol nom Klenge kucken respektiv kann de Gilles sech organiséieren, dann net ze schaffen. "Wann ech emol owes eppes hunn, kënnt hien och an de Büro Nuecht soen. Et ass einfach flott dat Ganzt". Fir de Papp ass dëse Punkt enorm wichteg, doheem sinn an de Bouf gesinn opwuessen. Heiansdo ass hien awer am Aussendéngscht ënnerwee oder bepächt méi grouss Ween vu Clienten an enger Hal vun engem Kolleeg, déi hie sech geleeëntlech ausléine kann.

Du kuckt hien awer, fir sech mat senger Fra ze koordinéieren, déi zu Esch/Uelzecht schafft. Obwuel de Wee op Esch däitlech méi wäit ass, wéi nach vu Péiteng oder Zolwer, wou si an der Zäit gewunnt hunn, esou brauch si an de Spëtzestonnen net vill méi Zäit. "Esch ass ideal ze fuere vun hei aus. Deelweis packt meng Fra de Wee vun hei op Esch oder zeréck a 35 bis 40 Minutten." Leit, déi am Minett wunnen, wëssen, datt een dat och vu Péiteng op Esch ka brauchen.

"Et geet net méi duer vun der Plaz hier"

RTL

De Gilles hat 2013 mat enger eenzeger Maschinn kleng ugefaangen an huet sech ëmmer weider vergréissert. Elo ass hie mat senger Firma um Punkt ukomm, datt him d'Plaz ausgeet. "Ech hu Geräter an der Garage stoen, well soss keng Plaz méi ass. Do passt dann elo keen Auto méi eran." Dem Gilles Simon säin aktuelle Büro huet 30 Quadratmeter. Do ass säi Schreifdësch mam Laptop dran, wou d'Saachen an d'Designer entworf ginn, an zwou Maschinnen, déi d'Designer drécken respektiv zouschneiden. "Wann ech en Optrag mat T-Shirten hunn, muss ech d'Maschinn, déi ënnert dem Pult steet, eraushuelen an opriichten", erzielt de Gilles. Datt d'Geschäft an d'Wunnplaz op der selwechter Adress gelant sinn, war deemools éischter eng Noutléisung.

D'Famill ass sech awer eens, datt de Papp weider op der selwechter Plaz wunnen a schaffe soll. Esou gouf net just eng Hal gesicht, wou ee ka schaffen, mä eng Plaz, wou een nees béides ka combinéieren. "Eng Aussiicht wéi déi heiten ass natierlech mëttlerweil och schwéier ze fannen", seet de Gilles wärend hie mer de Bléck vum Balcon op d'Naturschutzgebitt hannert dem Haus weist. Och ass et net iwwerall méiglech, fir kënnen e Gewerbe an engem Wunngebitt unzemellen. Eng Plaz, déi der Famill awer gefall huet, gëtt et nees net wäit vu Merzig ewech. Hei dierfe si Wunnen a Schaffen an et ass Plaz, fir d'Geräter an de Büro vum Gilles. "Ech kréien hei en Atelier vu ronn 100 Quadratmeter an e Büro vun ongeféier 55". An och fir seng Fra huet et e klengen Avantage, et ass een e bësse méi no un der Grenz mat Lëtzebuerg.

Wisou d'Geschäft an Däitschland umellen?

RTL

Déi Fro kritt de Gilles dacks gestallt. "Ech hunn ëmmer gesot, wann ech eriwwer kommen, da mat allem. Mat mengem Auto, mat allem wat dozou gehéiert, mat alle Virdeeler an allen Nodeeler". Dofir huet sech d'Fro ni gestallt, ob hien d'Firma an Däitschland oder zu Lëtzebuerg géif umellen. De Gilles wëll sech integréieren an de Leit weisen, datt hien dozou gehéiert. "Ech denken, du bass dann anescht ugesi bei de Leit." Däitschland huet den Avantage géintiwwer vu Lëtzebuerg gehat, datt ee méi fir säi Geld géif kréien. Dat wier och bei den anere Nopeschlänner de Fall gewiescht, ma d'Belsch a Frankräich koume fir de Gilles a seng Fra net a Fro. "Mir hunn d'Gefill, datt se an Däitschland méi maache fir d'Leit a fir d'Kanner" an och déi aner Grenzregiounen hunn der deemools nach jonker Koppel guer net gefall. "Wann ech kucken, wat do geschitt a gemaach ginn ass, fannen ech dat wierklech traureg". De Gilles nennt do d'Beispill vun de Schwämmen, wou et a Frankräich eng gréisser zu Metz gëtt a soss net vill. Vill Fransouse kommen dowéinst och an d'Saarland oder a Lëtzebuerg an d'Schwämm.

Dräi Froen un... De Gilles Simon

3 Froen un... De Gilles Simon
De Mann aus dem Minett ass an d'Saarland geplënnert an huet do eng eege Firma opgemaach. Bis haut beréit hien dëst net.